Véier Lëtzebuerger Kënschtlerinnen hunn d'Initiativ an d'Liewe geruff, mam Zil, sech géint riets Parteien ze positionéieren an deenen hiert Denken a Fro ze stellen.

An Zäiten, wou Rietsextremismus ëmmer méi zouhëlt, wou komplex Sujete vu reaktionäre Parteie genotzt ginn op Käschte vun aneren, a wou eis Gesellschaft ëmmer méi auserneen drift, kéint een net einfach nokucken. Dat soen d'Initiateure vum Projet "The Future is now". D'Roxanne Flick erkläert, datt d'Iddi koum, enger Rei Kënschtler Carte Blanche ze ginn, fir eng Affiche ze kreéieren: "Mir haten d'Iwwerthema: Géint de Radikalismus a fir de Fridden an der EU och oprecht ze erhalen. Dono huet jiddereen en Ënnerthema erausgesicht an op seng Manéier visualiséiert. Dat sinn zum Deel typografesch, fotografesch oder illustrativ Aarbechten."

"The future is Now" / Rep. Claudia Kollwelter

14 schwaarz-wäiss Affichë sinn d'Resultat, déi am Kader vun den Europawalen op ëffentleche Plaze sollen opgehaange ginn. Fir d'Produktiouns- an och d'Distributiounskäschten kënnen ze decken, gouf e Crowdfunding lancéiert. D'Julie Wagener:

"Vun Ufank u war kloer, datt mer dat mat der Allgemengheet zesumme wéilte finanzéieren. Well een dacks gesot kritt: 'Wat soll ech dann hautdesdaags maachen?' Dat Gefill vu keng Muecht ze hunn, mécht sech ëmmer méi breet an ass och eng Racine vum Rietsextremismus, well jidderee mengt, e kéint näischt maachen."

Wichteg wier et och gewiescht, d'Resultat vun de 14 Kënschtler am ëffentleche Raum ze weisen, betount d'Laura Folschette:

"Fir eben der breeder Ëffentlechkeet dat ze weisen. Dacks si sou Saachen a méi klenge Kreesser wéi Ausstellungen ze gesinn, wou de Public sech vläicht souwisou scho méi mat deene Saachen ausernee sëtzt."

De Funding fir d'Affichë vun "The future is now" leeft nach bis e Mëttwoch den Owend. Alles wat d'Zomm depasséiert, déi virgesi war fir 600 Affichen drécken an ophänken ze loossen, kënnt de Kënschtler zegutt, déi sech fräiwëlleg engagéiert hunn, fir beim Projet matzemaachen. D'Leit, déi en Don maachen, kréien iwwerdeems eng Affiche, wou déi 14 Pousteren drop sinn.

RTL