Silbermond ass eng vun den erfollegräichsten däitsche Bands. Zanter iwwer 20 Joer sti si gemeinsam op der Bün.

An dat um Freidegowend no iwwer 10 Joer och nees zu Lëtzebuerg an der Abtei Neimënster an enger besonnescher Kuliss.
 
Am RTL-Interview verroden d'Sängerin Stefanie Kloß an den Drummer Andreas Nowak wisou se gär op Lëtzebuerg kommen a firwat d'Stad se un hir eegen Heemecht erënnert.

Silbermond am Interview Stefanie Kloß
Silbermond am Interview Andreas Nowak

De ganzen Interview weise mer an engem Reportage am Magazin e Méindegowend.

Silbermond war 2009 Headliner um Terres Rouges Festival

2009 ware Silbermond Headliner um Terres Rouges Festival zu Esch. Ma och an der Rockhal stoung de Quartett schonn op der Bün. D'Concerten zu Lëtzebuerg huet een a gudder Erënnerung an d'Show am Gronn ass e weidere besonnesche Moment fir Fans a Band.
 
Silbermond bréngt et fäerdeg, op de Concerten eng Verbindung tëscht Band a Publikum hierzestellen. Et ass net e Programm, deen erofgespillt gëtt, mee en éierlechen Austausch vun Emotiounen duerch d'Musek.

"Auf auf" heescht déi aktuell Tuer an och eent vun hiren aktuellste Lidder. Op der Bün sinn awer och hir al bekannte Lidder gespillt ginn, esou ënnert anerem "Symphonie" oder och "Das Beste".

E ganz emotionale Moment gouf et an der Mëtt vum Concert. D’Frontsängerin Stefanie Kloß stoung an der Mëtt vun der Abtei op enger klenger Bün an huet d’Lidd "Zusammen Abschied" ënner Tréine gesongen.

RTL

„Zusammen Abschied“, e ganz emotionale Moment. / © Pierre Weimerskirch

Wien ass Silbermond?

Silbermond ass eng vun de bekanntsten däitsche Rockbands. De Grupp ass zanter 2000 ëmmer nees op Tuer a besteet nach ëmmer aus de Grënnungsmembere Stefanie Kloß, Andreas Nowak, Johannes an Thomas Stolle.
Silbermond huet an de Joren eng ganz Rei Alben erausbruecht, dorënner "Verschwende Deine Zeit" (2004), "Laut gedacht" (2006) an "Nichts passiert" (2009). Hir Texter sinn dacks Gesellschaftskritesch a behandelen Theme wéi Léift, Verloscht a Selbstfannung. Si si bekannt a beléift bei hire Fans, dat haaptsächlech fir hir Liveoptrëtter.
Trotz hirem Erfolleg sinn d’Membere vu Silbermond bekannt fir hir Buedemstännegkeet, wat een och am Interview gespuert huet, an d'Engagement fir sozial Themen.