D'Alanis Morissette kënnt erëm op Lëtzebuerg

De 24. Juni 2025 trëtt d'Kanadierin an der Rockhal op.
Si ass eng vun den aflossräichste Kënschtlerinne vun der moderner Musek mat net manner wéi 14 Juno Awards (kanadesche Grammy), 7 Grammy Awards, 2 Golden-Globe-Nominatiounen an engem Brit Award. Dobäi kommen natierlech iwwer 75 Millioune verkaaften Exemplairë vum Debut-Album "Jagged Little Pill", mat deem d'Alanis Morissette den internationalen Duerchbroch gepackt huet.
Groussen Undeel un deem Succès hat natierlech d'Lidd "Ironic" dat, ironescher Weis, deemools eréischt déi 3. Single vum Album war, a bei deem haut nach ganz äifreg matgesonge gëtt......."it's like raaaaaaiiiinnnnnnn......" (de Rescht vum Text kënnt Dir).
De 24. Juni 2025 kënnt Dir Iech erëm vum Talent a vum Charme vun der kanadescher Kënschtlerin iwwerzeegen. De Virverkaf fir de Concert vum Alanis Morissette fänkt dëse Freiden (25. Oktober) um 9:00 un.
Ticketen a weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vun der Rockhal
Oder Dir probéiert elo direkt Äert Gléck a séchert Iech eng Koppel Ticketen:
Schéckt einfach d'Stéchwuert Alanis op 62468 fir 50 Cent de Message.