De Billie Joe Armstrong, Tré Cool a Mike Dirnt liwweren elo schonn iwwer 30 Joer Rock, Punk Rock a Pop Punk.

No enger Sold-Out-Show am Juni 2017 an der Rockhal kréien dëst Joer méi Leit d'Chance, d'Kalifornier zu Lëtzebuerg Live z'erliewen. De Concert den 30. Juni ass nämlech eng vun de Summer-Shows vum Atelier um Parking vun der Luxexpo. Nom Sting, Martin Garrix an dem Justin Timberlake ass mat Green Day dann elo de 4. Dag vum Luxexpo Open Air d'nächst Joer gewosst.

Green Day hunn net nëmmen eng helle Wull Hits (Basket Case, American Idiot, Boulevard of Broken Dreams, Holiday, When I Come Around an ënner anerem Wake Me Up When September Ends), eng Musical-Adaptatioun vun American Idiot mä och onvergiesslech Live-Optrëtter.

De leschte Studioalbum vum Trio "Savior" ass am Januar dëst Joer erauskomm an elo viru Kuerzem ass eng speziell Editioun vun "American Idiot" fir den 20. Gebuertsdag virgestallt ginn.

De Rendez-vous steet mat Green Day um Parking vun der Luxexpo: 30. Juni 2025.

De Virverkaf fänkt de 24. Oktober un.