Benevolle Filmprojet erënnert un d'Affer vum Zweete Weltkrich
Op der Kierchplaz zu Miersch steet ee Lëtzebuerger Fändel, dorënner ass ee Monument, dat un d’Affer vum Zweete Weltkrich erënnert.
A wéi op ville Plazen am Land stinn do och d’Nimm vun de Mierscher Awunner, déi hiert Liewe wärend dem Zweete Weltkrich verluer hunn. Hannert all Numm stécht ee Mënsch mat enger Famill an enger Geschicht.
Am September virun 80 Joer ass Lëtzebuerg vun den Alliéierte befreit ginn. A fir déi Geschichten net ze vergiessen, hunn d’Geschichtsfrënn Miersch an de Scoutsgrupp St-Michel vu Miersch ee besonnesche Projet an d’Liewe geruff. Si verfilmen d’Geschichte vun deene Mënschen, deenen hir Nimm op der Plaquette stinn.
All Joer huele si sech een aneren Numm vir a recherchéieren d’Geschicht vun där Persoun. D’Mierscher Geschichtsfrënn iwwerhuelen déi Recherchen a probéieren esou vill wéi méiglech iwwert déi Persoun gewuer ze ginn. An engem zweete Schrëtt gëtt ugefaangen d’Geschicht an een Dréibuch ëmzeschreiwen. Duerno ginn Dréiplaze gesicht, d’Schauspiller ugeléiert an d’Kostümer gemaach.
De Projet gëtt zu 100 Prozent vu Benevollen duerchgefouert. Iwwer 40 Leit hunn zesummen um Film geschafft, virun allem Scouten a Membere vun de Geschichtsfrënn. D’Rolle ginn zum gréisstendeels vun de Scoute gespillt. "Mir maachen dat mat Scouten zesummen, mat Jonken, wou dann och de Message weider geet", seet de Fred Mersch. Hie këmmert sech ënner anerem ëm d’Postproduktioun. Et ass och een "Do-it-yourself"-Projet, d’Leit, déi matmaachen, maachen dat net professionell. Trotzdeem ginn et iwwerall Talenter a Stäerkten, déi si notzen.
D'Marie Lou Clonan mécht vill Musek a wëll och spéider eppes am Beräich vun der Musekpädagogik maachen. A fir de Film spillt hatt net just d’Fra vun engem vun den Haaptcharakteren, mee huet och d’Musek geschriwwen. "Heemechtsland" heescht d’Lidd an ass inspiréiert un der Heemecht. Beim Text hat hatt och Hëllef. "Et war schwéier d’Emotiounen an d’Lidd ze bréngen, well ech déi Zäit selwer net materlieft hunn. Dat heescht meng Bom huet mir vill gehollef mam Text, och andeems si mir hir Saachen erzielt huet."
Et stécht vill Häerzblutt am Projet, et gi Geschichten an de Fokus geholl, déi soss vläicht iergendwa vergiess wären. Eng Méiglechkeet, sech ze erënneren, vun där um Enn dann och nach d'Spectateuren am Kino eppes hunn.
D’Première vum Film war schonn. De 17. November gëtt en nach eng Kéier am Mierscher Kulturhaus gewisen. Op de soziale Reseaue fannt Dir och weider Informatiounen zum Film a wou e gespillt gëtt.