Uechter d'Stad kann ee momentan vill Konscht entdecken
D'Art Week steet virun der Dier an dat mat hirer 10. Editioun.
Am Kader vun der grousser Konschtfoire hu sech d'Organisateuren och dëst Joer nees ee besonnesche Konschtprojet ausgeduecht, wou ee schonn zanter dem 22. Oktober Skulpturen an der Stad Lëtzebuerg kann entdecken an zwar een Ausstellungsparcours, sougenannten Capsulen. Et ass ee Konzept, wou d'Leit wäerten drop reagéieren. "Et gëtt eidele Plaze Liewen, soulaang se net a Betrib sinn", sou den Alex Reding, Direkter vun der Art Week.
Wien an der Stad ënnerwee ass, deem si vläicht schonn e puer nei Skulpturen oder aner Konschtwierker opgefall. Nieft dem Konzept vun der sougenannter "Walking Exhibition", dat ee vläicht nach vum leschte Joer kennt, heescht den neie Projet dëst Joer "Capsule". Dat sinn eidel Vitrinnen an der Groussgaass, déi genotzt ginn, fir Installatiounskonscht auszestellen.
Dës méi aussergewéinlech Ausstellung, déi ee souwuel am Dag wéi och owes ka kucken, sinn an der ganzer Uewerstad verdeelt a ginn dem Stadbild ee kreativen Touch. Mee genau sou stiechen engem och déi eng oder aner Skulpturen an d'Aen, déi vum Rousegäertche bis op de Boulevard Royal positionéiert goufen.
Béid Projete ware mat ënnerschiddlechen Erausfuerderunge verbonnen, erkläert den Alex Reding. Beim Projet "Capsule" war et d'Spontanitéit a beim Skulpturewee war et Disponibilitéit vun de Piècen.
De Sculptureparcours kann ee sech nach bis de 24. November ukucke goen. A wie sech an deem Kader och d'Konschtwierker vun der Art Week net wëll entgoe loossen, kann dëst vum 22. bis 24. November maachen.