Op Mauer gepechte Banann op Auktioun zu New York fir 6,2 Mio. Dollar versteet

© AFP
Dat ass wuel déi deierst Banann vun der ganzer Welt!
Mir schwätzen hei vun enger normaler Banann, déi mat groem Tape un eng Mauer gepecht gouf. A fir dës Banann gouf e Milliounebetrag bei Sotheby's bezuelt: 6,2 Milliounen Dollar. Ëmgerechent also 5,88 Milliounen Euro. Den Entrepreneur a Kryptowärung, den Justin Sun, ass den neie Besëtzer vum Wierk "Comedian" vum Italiener Maurizio Cattelan. Viru fënnef Joer war eng Banann nach fir 120.000 Dollar an d'Vente gaangen.
D'Wierk hat 2019 bei der Art Basel Miami Beach eng Kontrovers ausgeléist an d'Fro opgeworf, ob et iwwerhaapt als Konscht gëllt. Ma genee dat wollt de Kënschtler domat bezwecken. "Et ass net just e Konschtwierk. Et stellt e kulturelle Phenomen duer, deen d'Welte vun der Konscht, de Memes an der Kryptowärung-Community iwwerbréckt", zitéiert Sotheby's de Keefer, "ech denken, dass dëst Wierk an Zukunft zu weideren Iwwerleeungen an Diskussiounen ureegen an an d'Geschicht agoe wäert."
D'Banann kritt ee mat engem Echtheetszertifikat, dee beleet, dass et sech ëm e ganz frëscht Uebststéck handelt, a mat enger Beschreiwung, wéi een d'Banann ersetze kann.
Déi éischt Editioun vun der "Comedian"-Banann gouf vum Performance-Kënschtler David Satuna giess. Am kënschtlereschen Esprit huet hien d'Wierk awer net gesteet a giess. Hie wier just hongereg gewiescht, wéi hien d'Banann respektiv d'Konschtwierk gesinn hat, do hänken. Bei dëser Banann ass dat awer ganz anescht. De Keefer Justin Sun huet betount, och hie wéilt d'Konschtwierk iessen, mä...
"An de kommenden Deeg wäert ech d'Banann als Deel vun dëser eenzegaarteger kënschtlerescher Erfarung perséinlech iessen, fir hir Plaz an der Konschtgeschicht an an der Populärkultur ze wierdegen."
D'Banann ass awer net den eenzegen Objet, deem de Cattelan e kënschtlerescht Liewen agehaucht huet. Hien hat och schonn eng Toilette entworf, aus 18-karategem Gold. D'Wierk huet den Numm "America" an ass dem Donald Trump senger éischter Amtszäit dediéiert.