De Grand-Duché ass gutt vertrueden

© AFP
En Donneschdeg ass déi grouss Ouverture vun der 75. Berlinale.
Mat der Ouvertureszeremonie en Donneschdeg den Owend ass déi 75. Editioun vum internationale Filmfestival zu Berlin lancéiert, wou virop d'schottesch Actrice Tilda Swinton mam Gëllenen Éierebier geéiert wäert ginn.
Lëtzebuerg ass op der dëser Berlinale exzeptionell staark vertrueden. De Büneprogramm gëtt vu kenger anerer Persoun wéi dem Désirée Nosbusch moderéiert. Gewise ginn och d'Filmer Kontinental'25" vum Radu Jude, matfinanzéiert vu Lëtzebuerger Säit an da gesäit een nach d'Vicky Krieps an der Haaptroll vum englesche Film "Hot Milk".
Fënnef Lëtzebuerger Koproduktiounen an der Kompetitioun
- "Reflet dans un Diamant mort" vum Hélène Cattet a Bruno Forzani, koproduzéiert vu Lëtzebuerg (Les Film Fauves), Belsch, Italien a Frankräich
- "La Cache" vum Lionel Baier, koproduzéiert vu Lëtzebuerg (Red Lion), der Schwäiz a Frankräich
- "Timestamp" vum Kateryna Gornostai, koproduzéiert vu Lëtzebuerg (a_Bahn), Ukrain, Holland a Frankräich
- "Confidente" (Confidante) vum Çağla Zencirci a Guillaume Giovanetti, koproduzéiert vu Lëtzebuerg (Bidibul Produtions), Frankräich an der Tierkei.
- "Der Kuss des Grashüpfers" vum Elmar Imanov, koproduzéiert vu Lëtzebuerg (Wady Films), Däitschland an Italien.
D'Berlinale ass ee vun de wichtegste Filmfestivallen an Däitschland an och weltwäit. Se dauert eng Woch laang, bis nächste Sonndeg. 19 Filmer sinn am Ganzen an der Course ëm de Gëllenen, respektiv Sëlwer Bier.