Am Laf vum Fréijoer wäert op Pro7 an op Joyn eng nei Daily-Soap ulafen. Mat vun der Partie bei "Die Cooking Academy" ass den Tommy Schlesser. De Lëtzebuerger Acteur huet am RTL-Interview Detailer iwwert seng Roll verroden.

An der True-Crime-Serie "Marginal" huet hie grad eréischt säin eegenen Urgrousspapp gespillt. Lo ass et da schonn déi nächst Roll fir den Tommy Schlesser. No 18 Joer Paus huet Pro7 decidéiert, erëm eng eegen Daily-Soap ze dréinen - "Die Cooking Academy". An de Lëtzebuerger Acteur ass mat vun der Partie.

Heiansdo geet et séier. D'Ufro wier am Februar komm, sou den Tommy Schlesser am RTL-Interview. D'Dréiaarbechten hunn dëse Mount ugefaangen, a wäerte sech bis an de Summer zéien. "Die Cooking Academy" ass awer elo keng nei Kachemissioun, mä eng deeglech Serie, déi an der Welt vun der Stärekiche spillt.

Gedréint gëtt bei Köln an engem Schlass, an nieft der Ausbildung vu jonke Käch wäert et an der Storyline natierlech och ëm d'Liewe ronderëm goen, mat all senge Rivalitéiten an emotionale Momenter. Mat vun der Partie si sëllege Gesiichter, déi och schonn aner Daily-Soape gedréint hunn. Dem Tommy Schlesser seng Roll ass keng Haaptroll, awer e Personnage, dee reegelméisseg an de bis ewell 120 geplangten Episoden ze gesi wäert sinn.

E geneeën Datum fir d'Première vun "Die Cooking Academy" ass nach net gewosst. Pro7 an Joyn beruffe sech de Moment just op d'Formulatioun "...am Laf vum Fréijoer". All ze laang kann et also net méi daueren.