De Filmfestival zu Cannes zielt zu engem vun de bedeitendste Filmfestivallen op der Welt. Vum 13. Bis de 24. Mee steet op der sonneger Riviera erëm alles am Zeeche vum Film.

De Startschoss vun der 78. Editioun vum prestigiéise Film Festival vu Cannes war op der renomméierter Croisette. Lëtzebuerg ass och mat zwou Co-Produktiounen an engem Film, an deem d’Vicky Krieps d’Haaptroll huet an dëser Editioun vertrueden, genee wéi mat engem ganz spezielle Fokus an der Selektioun vun der Immersive Competitioun, wou net manner wéi 5 „Virtual Reality“-Projete gewise ginn. Um rouden Teppech hunn dann d’Vedetten aus der Kinoswelt genee esou wéineg dierfe feele wéi d’Fotografen an d’Journalisten. Op der Plaz fir ons ass de Loïc Tanson dee sech den Ouverturesfilm konnt ukucken an de Bols vun dësem "Cru" 2025 konnt fillen.

D'Côte d'Azur gëtt nees zu enger grousser Filmkuliss

RTL

© AFP

Grouss Hollywoodstars wéi d’Scarlett Johansson, den Tom Cruise an d’Jennifer Lawrence gi sech um 78. Filmfestival zu Cannes erwaart. Dorënner och de Robert de Niro, deen dëst Joer de "Palme d’or honneur" fir säi Liewenswierk iwwerreecht kritt. Den amerikanesche Schauspiller hat am Laf vu senger Karriär néng Oscar-Nominéierungen an huet zwee Mol d’gëlle Figur gewonnen.

Den Erëffnungsfilm vum Festival ass déi franséisch Tragikomédie "Partir un jour" vum Amélie Bonnin (hors compétition). Et ass déi éischte Kéier, datt eng Debütregisseurin de Filmfestival opmécht. Am Ganze sinn 22 Filmer an der offizieller Competitioun fir déi gëlle Palm mat dobäi. An der Sektioun "Un certain regard" sinn 20 Filmer selektionéiert ginn, dorënner och néng Regiedebüten. Fir de Beräich vun de Kuerzfilmer, goufe 4.781 Filmer agereecht, woubäi der awer just 11 erausgesicht gi sinn. D'Presidentin vun der Jury ass dëst Joer déi franséisch Schauspillerin Juliette Binoche.

Lëtzebuerger Filmer zu Cannes

RTL

© Jafar-Panahi

D’Lëtzebuerger Produktiounsboîte "Bidibul Productions" ass mat zwou Koproduktiounen um renomméierte Filmfestival vertrueden. "Un simple accident" ass an der offizieller Competitioun mat dobäi an domat och mat am Renne fir d’Palme d’or. "Marcel et Monsieur Pagnol" gëtt ausserhalb vum offizielle Programm an enger "Séance spéciale" gewisen.

RTL

An der Sektioun "Un certain regard" ass dëst Joer de Film "Love Me Tender", mam Vicky Krieps an der Haaptroll, mat dobäi. E Film dee vun der Lëtzebuerger Schauspillerin hirer eegener Produktiounsfirma "Viktoria Productions" koproduzéiert ginn ass.

RTL

© Wild Fang Films

An der immersiver Competitioun ass dëst Joer "The Dollhouse", eng Koproduktioun vu Wild Fang Films. Ausserhalb vun der Competitioun ginn awer nach fënnef weider Lëtzebuerger Koproduktioune gewisen:

  • "Ceci est mon coeur" (a_BAHN)
  • "Champ de Bataille" (Digital Voodooh)
  • "Floating with Spirits" (Tarantula)
  • "Ito Meikyu" (Les Films Fauves)
  • "Oto’s Planet" (Skill Lab).

De Filmfestival zu Cannes ass vill Glanz a Glamour, awer net nëmmen. Et ass och fir d’Lëtzebuerger Filmbranche wichteg, sech hei weider ze vernetzen. Networking steet wéi all Joer mam "Marché du Film" um Programm. Zënter Enn de 1990er Joren ass de Lëtzebuerger Filmfong hei vertrueden an der Missioun, national Produktiounen ze vermaarten.