Wéi all Joer gëtt d’Forge du Sud nees zu engem Treffpunkt fir Kultur- a Museksfrënn.

De Startschoss ass dëse Weekend mam Noperschaftsfest, dem Summer Event an dem Marché alternatif.

Um leschte Mee-Weekend ass et dann déi véiert Editioun vum Usina 25 op der Schmelz- mat als Line-Up national an international renomméierten Artisten op der Bün.

Ufanks Juni geet et weider mat engem kulinaresch-musikaleschen Event mam Eat, Beat and Culture.

E weideren Highlight ass den 21. Juni mat der Fête de la Musique: iwwer 50 international a national Kënschtler trieden op 13 verschidde Bünen zu Diddeleng op.

Den Optakt meescht de Laurent Unchained op der Main Stage.
 
Och an de méi rouege Méint August a September soll fir Stëmmung gesuergt sinn : Hei dierf dann och d’Buergfest net feelen, dat all Joers mat historeschem Flair a villen Aktivitéiten, kleng a grouss unzitt.
 
All weider Informatiounen zum Programm fannt der op dudelange.lu.