Responsabilitéit fir Decisioune léich beim Verwaltungsrot
Deslescht war de Musée fir modern Konscht, de Mudam, dacks an de Schlagzeilen. Grond dofir waren net seng Ausstellungen, mee wéinst schlechter Gouvernance.
Et goung vu strukturelle Problemer bei den Zoustännegkeete rieds, wéi och ëm personell Tensiounen. E Mëttwoch kruten d'Deputéiert vun der Kulturkommissioun Abléck an en Audit zum Sujet.
Wou dréckt de Schong am Mudam? Fir d’Situatioun ze verbesseren, muss ee se kennen. Zanter Mëttwoch kënnen d'Deputéiert vun der Kulturkommissioun de 40-säitegen Audit, deen am Mudam tëscht September zejoert a Januar gemaach gouf, consultéieren. An den Detail goen, konnte si no der Sëtzung trotzdeem net, wëll en am Huis clos war. Wéi soll et elo weider goen?
Dozou de Piraten-Deputéierte Sven Clement:
"Et hat een e bëssen d’Gefill, de Verwaltungsrot soll dat elo riichten an de Ministère seet sech: 'Mir waarde lo mol of, wat de Verwaltungsrot mécht, an dann eréischt approuvéiere mer oder desapprouvéiere mer dat, wat do eraus kënnt.'"
Den DP- Kulturminister Eric Thill reagéiert: "Dat kann ech esou net stoe loossen, well de Ministère war vun Ufank u ganz transparent. Et ass awer esou, dass d’Gouvernance vun engem Etablissement public, déi Responsabilitéit ënnerläit engem President, an dem CA. Dofir ginn et déi Gremien. De Minister war vun Ufank un informéiert, dat war och elo esou. An ech wäert dee ganze Prozess och ganz konkret an no begleeden."
Den neie President vum Mudam, de Jean-Paul Olinger, soll zesumme mam Verwaltungsrot elo d’Decisiounen huelen, déi de Musée prett fir d’Zukunft maachen.
Vill Kritik an diverse Rapporte gouf et un der Directrice vum Mudam Bettina Steinbrügge. Un hirer Persoun gëtt awer net gezweiwelt. Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot:
"Et ass elo net fir mech kloer ersiichtlech, dass déi Generaldirectrice den Haaptproblem hei ass. Ech mengen éischter, dass hei esou ass, dass eng Partie Saachen net kloer waren am Fonctionnement. An der Repartitioun vun de Rollen."
No de Reprochen un de Kulturminister, hie wier an der Affaire net transparent gewiescht, weisen déi Gréng sech no der Sëtzung zefridden. Ännerunge bräichten Zäit, mengt déi gréng Deputéiert Djuna Bernard.
"Ech hunn duerchaus d’Gefill, elo an och schonn no der leschter Sëtzung, dass d’Ekipp am Mudam, mam neie President, dat duerchaus seriö huelen. Dass se sech scho vill Gedanke gemaach hunn, wéi se op déi verschidde Virwërf kënne reagéieren. Dass se sech och Hëllefsstellung geholl hu vu Consultancen."
D’Fro déi sech iwwert dëse Fall eraus géing stellen, wier awer, wéi déi verschidde Ministèrë kënnen e Suivi iwwert d'Gouvernance vun den diversen ëffentlechen Ariichtunge maachen.