"Ech si stolz, als éischt Lëtzebuergerin hei ze sinn“
Dëse Weekend huet d'Nathalie Faber, besser bekannt ënner hirem Kënschtlernumm Ogazón, als éischt Lëtzebuerger Fra um weltbekannte Festival Tomorrowland opgeluecht.
Méi wéi just e Festival
Tomorrowland ass net einfach eng grouss Party. Et ass eng Ikon an der elektronescher Musek, déi all Summer d’Elite vun der internationaler DJ-Zeen zesummebréngt. Zéngdausende vu Leit danzen op de Beats vun Techno, House oder Trance. An och op Kläng, déi méi experimentell sinn, méi intim.
An do kënnt Ogazón an d’Spill.
Kënschtlerin aus dem Underground
D’Ogazón huet sech net iwwernuecht en Numm gemaach, mee iwwer Joren, mat engem ganz eegene Stil. D'Lëtzebuergerin ass eng vun den Exoten, déi nach mat Vinyl opleet. Hir Musek ass roueg, zum Deel minimalistesch, si gehéiert zum Underground-Spektrum vun der elektronescher Musek, deen een éischter a klenge Clubs wéi op grousse Festivaller héiert.
„Meng Musek ass manner kommerziell, fir eng méi kleng, méi en oppe Publikum geduecht“, esou d’Artistin kuerz virum Optrëtt. „Ech wëll, dass d’Leit sech einfach kënnen an deem Space verléieren, sech lassloossen.“

Mam Ogazón a Nosi waren direkt zwee Lëtzebuerger Artisten um Tomorrowland.
Éischt Lëtzebuergerin um Tomorrowland
Obwuel si an de leschte Joren zu Amsterdam an elo Berlin lieft a schafft, bleift hir Verbindung zu Lëtzebuerg staark: "Ech si stolz, als éischt Lëtzebuergerin hei ze sinn."
Och wa si zu Lëtzebuerg manner bekannt wier, wier d’Invitatioun op de gréisste Festival vun der Zeen en Zeechen, dass hir Musek eppes beweegt, erzielt si mat engem Schmunzelen. An de leschte Joren ass och den Tomorrowland gewuess, d’Musek zum Deel ëmmer méi Mainstream ginn. Eng Gefor déi d’Ogazón fir hir Musek net gesäit:
„Ech maachen dat net, fir bekannt ze ginn, mee well ech meng Musek gären hunn. An ech bleiwe mir trei.“
Ee Wonsch huet d’Kënschtlerin: "Ech hoffen, dass ech dat esou laang wéi méiglech ka maachen, och op grousse Plazen.“

D'Lëtzebuergerin huet e Samschdegowend um 20 Auer opgeluecht. / © Dan Wiroth
Am Journal vun den Owend kënnt e Reportage iwwer déi zwee Lëtzebuerger, déi dëse Weekend um Tomorrowland opgeluecht hunn.
400.000 Leit, 600 Artisten, 1 Welt
Ronn 400.000 Visiteuren aus iwwer 200 Länner reesen all Joer op Boom (16 km südlech vun Antwerpen), fir ee vun de gréisste Museksfestivaller weltwäit ze erliewen, de gréissten am Beat vun der elektronescher Musek. Op 16 Bünen trieden an 2 Weekender iwwer 600 DJen op – déi spektakulär Haaptbün, déi dëst Joer vum Feier zerstéiert gouf, just zwee Deeg virun der Ouverture huet d'Organisateuren net ofgehalen fir de Festival wéi geplangt duerchzezéien. Déi nei Bün war mat Elementer aus der Metallica senger M72-Tour an Zäit vu 36 Stonnen opgebaut ginn. Trotz dësem dramateschen Ufank bleift Tomorrowland e logistescht Meeschterwierk – leider och mat trauregem Toun: eng 35 Joer al Kanadierin ass schonn um éischten Dag vum Festival gestuerwen.