Historesch oder fiktiv Personnagen zum Liewen erwächen, fir engem Publikum e Stéck Patrimoine méi no ze bréngen: Dat ass d’Zil vum Natalia Sanchez a Lex Gillen.

"Theater meets Visite guidée": Esou kéint een d’Konzept beschreiwen, dat de Lex Gillen a seng Fra d’Natalia Sanchez zesummen op d’Bee gestallt hunn. D’Theaterpädagogin schafft Rollen aus, déi dem Publikum den nationale Patrimoine méi no solle bréngen. Sief dat Plazen, historesch Evenementer oder Perséinlechkeeten.

Dass et jeeweils e gespillte Personnage ass, deen d’Leit ronderëm féiert, géif automatesch eng Liichtegkeet an d’Wëssensvermëttlung bréngen, well sozial Konventiounen ausgehiewelt ginn, wéi d’Natalia Sanchez erkläert: "Wa mir als normal Persoun schwätzen, da si mer méi limitéiert. Mir fänken net un ze sprangen, ze jäizen oder eis um Buedem ze rullen."

Eng 20 verschidde Rollen huet d’Koppel an de mëttlerweil 13 Joer ausgeschafft: Vu fiktive Charaktere wéi dem "Grénge Mann" deen de Leit als Wiechter vun der Natur Déieren a Planze méi no bréngt, hin zu historesche Personnagë wéi dem Freiherr Adam Sigmund von Thüngen, deen an enger Visite guidée duerch de Fort Thüngen féiert.

Bei historesche Personnagë leeë si net just Wäert op d’Authentizitéit vu Kostümer a Requisiten, ma och dorop, dass d’Geschicht net verännert gëtt. Eng déifgräifend Recherche ass virun allem dowéinst essentiel, well et keng regulär Theaterstécker sinn, mä en Austausch mam Public. Et muss een also op all Fro präparéiert sinn:

"Ech hat och scho Leit, déi mer Froe gestallt hunn – do hat ech den Androck – fir ze kucken, wéi vill ech weess. An do huet dann ee gefrot: ‘Här Collard, wéi vill Kanner hutt dir dann?’ Gottseidank hat ech meng Recherche gemaach a konnt d'Froe beäntweren. Et kann awer och sinn, dass een eppes freet, wat ech net weess, dann ass et awer wichteg, dass ech net einfach eppes erfannen", sou de Lex Gillen.

[commments]