Festival vun Annecy 2026 De Lëtzebuerger Filmsecteur ass nees gutt um renomméierten Animatiounsfilmfestival vertrueden

Sandy Elsen
Wann dee rouden Teppech zu Cannes esou lues nees agerullt gëtt, gëtt zu Annecy een ausgerullt. Vum 21. bis de 27. Juni verwandelt sech déi franséisch Stad Annecy nees an d’Welthaaptstad vum Animatiounfilm.
© BENOIT PAVAN/Hans Lucas via AFP

Den Internationale Festival vum Animatiounsfilm vun Annecy, dee 1960 gegrënnt gouf, huet sech ass am Laf vun de Joren zum weltwäit renomméiertste Festival fir Animatiounsfilm entwéckelt. Ugefaangen hat alles mat engem Filmclub aus der franséischer Alpestad, deen déi international Deeg vum Animatiounsfilm zu Annecy an d’Liewe geruff hat. Haut treffe sech hei all Joers déi gréisste Nimm aus der Branche a Filmpassionnéierter aus aller Welt.

Och Lëtzebuerg ass dëst Joer nees staark zu Annecy vertrueden, och an der offizieller Selektioun vum Festival.

De Film "The Sunrise File" (Le Dossier de l'aube) vum Rupert Wyatt an der Emilie Phuong leeft an der “Compétition officielle”. Dee geopoliteschen Thriller ass eng Coproduktioun tëscht Lëtzebuerg (Melusine Productions) a Frankräich.

An der “Compétition immersive” leeft "A Long Goodbye" vun der Kate Voet an dem Victor Maes, eng Coproduktioun tëscht der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Tarantula Luxembourg, der Belsch an Holland. Déi interaktiv an animéiert VR-Experienz erzielt d’Geschicht vum Ida, eng 72 Joer al Pianistin, déi mat Demenz lieft.

Och "The Dollhouse " vun der Charlotte Bruneau an dem Dominic Desjardins ass an dëser Competitioun vertrueden. Dës Virtual Reality-Erfarung gouf vu Lëtzebuerg (Wild Fang Films a Poulpe Bleu Production) an Zesummenaarbecht mat Kanada produzéiert. 2025 war d’Wierk och schonn an der “Compétitioun immersive” vum Festival vu Cannes dobäi.

Fir d’ Sektioun "Off-Limits" gouf de film XYZ zeréckbehalen. En experimentelle Kuerzfilm vum portugisesche Realisateur Alexandre Alagôa, deen hei zu Lëtzebuerg lieft a schafft.

Ausserhalb vun der offizieller Competitioun vum Festival ass Lëtzebuerg mat zwee Filmer an der Sektioun "Annecy Présente" vertrueden an zwar mat “Dudley & the Invasion of the Space Slugs” vum Cherifa Bakhti an “Julián” vum Louise Bagnall.

"Dudley & the Invasion of the Space Slugs" ass eng Coproduktioun tëscht Lëtzebuerg (Fabrique d'Images), der Belsch a Frankräich. “Julián” vum Louise Bagnall gouf co-produzéiert vum Lëtzebuerger Animatiounsstudio Melusine Productions.

Am Kader vu enger sougenannter Event-Virféierung feiert d’Coproduktioun “New York, Miriam et moi”, vun der Léahn Vivier-Chapas an dem Rémy Schaepman, seng Avant-Première zu Annecy. Dëse Film ass och am Rennen ëm de Publikumspräis.

Zum Programm vun der 66. Editioun vum Internationale Festival vun Annecy gehéieren och d’”Work in Progress”-Seancen, déi dem Public Ablécker a Projete ginn, déi nach an der Produktioun sinn. Zwou Lëtzebuerger Coproduktioune ginn hei gewisen: “Le loup” vum Benjamin Massoubre a Fursy Teyssier a “Séraphine” vun der franséicher Realisatrice Sarah Van den Boom.

Back to Top
CIM LOGO