
“Et ass net direkt no der Eurovisioun geschitt”, seet si. Am Géigendeel: si ass direkt nees schaffe gaangen, ouni Zäit fir ofz eschalten: “Ech hat kee Moment, fir ze dekompresséieren.”
De Kierper huet sech eréischt no Méint gemellt. D’Musekerin beschreift direkt am Ufank, wéi et hir Wochen nom groussen Optrëtt gaangen ass, a wéi se op eemol de Buedem ënnert de Féiss verluer huet.
+Ech hunn e Fouss a mäin Haus gesat an ech hu mech einfach ecrouléiert”, erzielt si. D’Symptomer waren hefteg: “Ech hat mega Féiwer, ech konnt net méi aus dem Bett opstoen, ech konnt net méi iessen.” Krank wier si awer net gewiescht.
“Ech war einfach platt. D’Batterie, déi war eidel.”
Réckbléckend erkläert si sech dat esou: “Dee ganzen Adrenalin mécht, dass een de Stress iwwer Méint a Méint net gesäit.”
D’Chance, dass grad Schoulvakanz war, hätt hir gehollef. D’Musekerin huet scho fréi hir Passioun zum Beruff gemaach a gëtt Couren am Escher Conservatoire: “Ech louch déi ganz Zäit doheem, an no enger Woch war dat dann och scho besser.”
An enger knapper Woch steet nees de Luxembourg Song Contest un, dës Kéier steet d’Sängerin an enger anerer Roll op der Bün. Fir d’Laura gëtt et dëst Joer “mega nostalgesch” an awer entspaant. “Et ass wéi wann ech et eng zweet Kéier géif erliewen, mee ouni dee ganze Stress.”
Den Ënnerscheed zu deemools ass einfach: “Dës Kéier maachen ech et just for fun, ech sinn en Intervall-Act.” Genee dat géif et erméiglechen, den Optrëtt richteg ze genéissen.
Deen emotionaalste Moment vum Eurovision wir fir si net d’Final selwer, mee den Dag vun der Halleffinall gewiescht.
“Ech hu, mengen ech, déi ganz Zäit gekrasch deen Dag”,seet d’Laura Thorn. D’Ongewëssheet wier dat schlëmmste gewiescht: “Du weess net, ob et déi leschte Kéier ass, wou s de all déi Leit an där Arena gesäis.”
All klengen Ament hätt sech ugespuert wéi e méiglechen Ofschloss.
“Et ass vläicht déi leschte Kéier, wou s de mech schminks, et ass vläicht déi leschte Kéier, wou mir zesummen danzen.”
Gefillsméisseg wier si total hin an hier gerappt gewiescht: “Ech wousst net, wat fillen, well vläicht géif et nach weidergoen, mee vläicht wär dat och déi leschte Kéier.”
Wéi d’Qualifikatioun fir d’Final ugekënnegt gouf, sinn d’Emotiounen explodéiert. “Ech hunn do gekrasch a gelaacht gläichzäiteg, wou Lëtzebuerg gefall ass”, seet si.
Trotz der schwéierer Phas huet d’ESC-Erfarung hir vill Dieren opgemaach.
“Ech hu mega cool Kontakter kennegeléiert” erkläert si. Dat hätt hir Projeten erméiglecht, déi virdru kaum virstellbar gewiescht wieren. “Ech konnt Saache maachen, déi virum ESC ondenkbar gewiescht wären, wéi zum Beispill den Trounwiessel.”
Um Freideg huet si och eng nei Single am Numm “Not on me” verëffentlecht. De Song beschäftegt sech mat Reaktiounen op den Erfolleg: “Et ginn déi, déi dech mega ënnerstëtzen, an et ginn déi, déi manner frou iwwert däin Erfolleg sinn.”
De Message am Lidd wier kloer, esou d’Sängerin.
D’Lyrics huet si komplett eleng geschriwwen. Och perséinlech Erfarunge sinn agefloss: “Dat hunn ech heiansdo ze spiere kritt, mat klenge Picken a Commentairen.”“Not On Me heescht: Dat läit net u mir. Dat si Problemer, déi s de mat der selwer muss reegelen.”
Musek bleift de Roude Fuedem an hirem Liewen. Nieft der Bün schafft d’Laura Thorn am Enseignement musical am Escher Conservatoire, dat géif hir vill Spaass maachen, dofir hätt se och Musek studéiert. Ma gläichzäiteg zitt et si ëmmer nees op d’Bün: “Fir de Moment hunn ech Best of Both Worlds.”
Wou et laangfristeg higeet, dorop wëll si sech net festleeën. Do wier si ganz “open minded”.
Fir de Luxembourg Song Contest de 24. Januar lafen d’Preparatiounen op Volltouren. D’Sängerinnen a Sänger prouwen, d’Bün gëtt opgeriicht an och fir déi grouss Show op der Tëlee gëtt alles preparéiert.
D’Laura Thorn verbënnt den Event mat “ganz, ganz vill Emotiounen”. Nodeems si hirem Team no der Eurovision “kräischend Äddi gesot” huet, hätt si an de leschten Deeg der vill erëmgesinn: “D’Wuert fir dës Woch a fir de Samschdeg ass: ‘emotional’.”