Presentatioun vum ProgrammD'Luxembourg Art Week bleift eng kulturell Plattform fir jiddereen

Isabelle Gillen
Op enger Pressekonferenz e Mëttwoch Moien am Casino Luxembourg huet d'asbl artcontemporain de Programm vun der 12. Luxembourg Art Week virgestallt.
Bi-annuell setzt d'Art Week entweder eng Stad, oder eng kënschtleresch Praktik an de Fokus vun der Foire. D'lescht Joer war et de Fokus Montréal an dëst Joer steet d'Fotografie am Mëttelpunkt.
© Isabelle Gillen

Am Fokus vun der Pressekonferenz stoung virun allem den Off-Site-Programm, deen all Joer dofir suergt, Konscht ënnert d'Leit ze bréngen an d'Stad am November kulturell opbléien ze loossen.

Wéi de Maurice Bauer vun der Stad Lëtzebuerg betount huet, wéilt ee mat Initiative wéi dem Skulpturen-Trail, oder de sougenannte Kapselen, d'Stad am November e bësse méi schéi maachen. Ee But wier et och, d'Konscht direkt bei d'Bierger a Biergerinnen ze bréngen, esou dass och déi Leit, déi sech soss net an eng Galerie trauen, d'Méiglechkeet kréien, Konscht vu lokalen an internationale Kënschtler a Kënschtlerinnen ze erliewen.

Konscht aus der ganzer Welt

Den ëffentleche Raum verwandelt sech also an eng grouss Galerie, déi am ganzen néng Kapselen a Geschäftsvitrinnen an der Uewer- an Ënnerstad, esou wéi e Parcours mat 11 Skulpturen enthält. Donieft bidden och vill Galerien a Muséeë fir de Weekend vun der Luxembourg Art Week e besonnesche Programm un.

Ronn 600 Kandidature wieren dëst Joer eleng fir d'Kapselen aus der ganzer Welt bei artcontemporain erakomm, wat beweist, wéi sech d'Luxembourg Art Week iwwert d'Joren international etabléiere konnt. Et ass net méi just eng Konschtfoire fir Lëtzebuerg, mee ee vun de groussen Treffpunkte fir Verkeefer a Sammler aus der ganzer Welt.

Wéi all Joer ass d'Luxembourg Art Week och dës Kéier nees vum 20. bis 22. November mat engem groussen Zelt um Glacis vertrueden. Am ganzen 78 Aussteller sinn hei ze fannen, dorënner 17 aus Lëtzebuerg, 21 an der Kategorie Take-Off, 26 déi sech zu 100 Prozent mam Fokus auserneesetzen an natierlech och eng ganz Rei international Galerien aus 15 verschiddene Länner.

Fokus: Foto

Bi-annuell setzt d'Art Week entweder eng Stad, oder eng kënschtleresch Praktik an de Fokus vun der Foire. D'lescht Joer war et de Fokus Montréal an dëst Joer steet d'Fotografie am Mëttelpunkt.

Et hätt ee sech dofir entscheet, esou d'Direktesch vun der Luxembourg Art Week Mélanie de Jamblinne well et mat der Edward-Steichen-Expo zu Arles, oder och dem Fotografie-Präis, deen dëst Joer zu Clierf iwwerreecht gouf, fir just e puer Saachen ze nennen, einfach gutt gepasst hätt dës Aktualitéit och an der Programmatioun vun der Art Week erëmzespigelen.

D'Art Week liicht gemaach

Net nëmmen dobaussen, mee och op der Foire selwer, versicht artcontemporain weiderhin eng kulturell Plattform fir jiddereen ze sinn an huet dofir och fir hir 12. Editioun d'Konzept "Collecting 101" bäigehalen. Hei ginn all déi Konschtwierker, déi manner wéi 4.000 Euro kaschten, mat engem "Collecting 101"-Sticker markéiert, fir et verschiddene Leit méi einfach ze maachen, eng éischt Konschtsammlung unzefänken.

D'App Artflo, mat der Kaart, wou wéi eng Galerie am Zelt ze fannen ass, wéi weideren Informatiounen iwwert Evenementer a Konschtwierker, wäert dëst Joer och nees funktionéieren.

Contemporary Art Prize

Och wann de primären Hannergrond vun der Luxembourg Art Week kommerziell ass, huet sech dëst Evenement iwwert d'Joren awer zu eppes méi Groussem entwéckelt, wouzou och e Konschtpräis gehéiert.

Fir de "Contemporary Art Prize" goufen dës Kéier als 10 Laureaten - de Joren Van Acker, d'Estelle Chrétien, de Julien-Arnaud Corongui, de Folkert de Jong, d'Vera Kox, de Lucas Leffler, de JKB Fletcher, den Arthur Van de Velde, den Antoine de Winter an de Kënschtler-Duo Martine Feipel a Jean Bechameil - erausgewielt.

D'Präisiwwerreechung wäert de 19. November am groussen Zelt um Glacis stattfannen.

Vum 20. bis 22. November leeft déi 12. Editioun vun der Luxembourg Art Week. Bis den 31. Oktober kann ee sech nach early-bird Tickete kafen. D'Nacture, bei där d'Foire bis owes 9 Auer op ass, ass den 21. November. D'Kapselen an de Skulpturen-Trail si vun elo un all Dag an zu all Auerzäit zougänglech.

Weider Informatiounen iwwert d'Foire an den Off-Site Programm vun der Luxembourg Art Week fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO