Déi 25. Editioun vun der Nuit des Musées war ee groussen Erfolleg, zéngdausende Leit hunn de Wee bis an d'Stad gemaach, fir a siwe verschidden Muséeë Konschtwierker an Optrëtter vu Museker ze gesinn. Um Enn goufe an am Ganzen 29.282 Visitte gezielt, en neie Rekord, wéi d'Stater Muséeën an engem Schreiwes matdeelen.
D'Villa Vauban, de Casino, de Luxembourg City Museum, den Nationalmusée um Fëschmaart, de Naturmusée, de Musée Dräi Eechelen an de Mudam hu fir en aussergewéinlechen Owend hir Dieren op gemach an nieft de regulären Ausstellungen gouf och en diverse Kaderprogramm, mat Performancen, Concerten, DJ-Sets, kreativen Atelieren a Visitten presentéiert.
Nieft dem Kaf vun engem Bracelet kruten d'Visiteuren och e Carnet a si hu bei all Musée ee Stempel mussen ausfëllen, fir en ze komplettéieren.
D'Event huet Leit ugezunn, déi normalerweis net an de Musée ginn, grad ewéi och déi Regulär Visiteuren, déi dat ganzt an enger anerer Atmosphär wollte gesinn. Dat Ganzt ass mat enger gudder Ambiance bis 1 Auer moies gaangen.