Eurovision Song Contest 2024Mir sichen dech! D'Preselektioune si lancéiert, wat sinn d'Konditiounen?

RTL Lëtzebuerg
Fir déi 68. Editioun vum Eurovision Song Contest sicht RTL vun elo un den Artist, deen de Grand-Duché am Mee 2024 a Schweden vertrëtt.

An deem Kader gi Kandidate gesicht, déi sech dësem Concours stelle wëllen. Déi éischt Phas vun der Preselektioun ass den 3. Juli. Wie sech dozou beruff fillt, eis Nationalfaarwe wierdeg ze vertrieden, ka sech vun elo un um offiziellen, nationale Site www.eurovision.lu umellen.

PDF: Schreiwes mat den Detailer op Franséisch

Back to Top
CIM LOGO