
Am ‘Café des artistes’ haten den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten d’Geleeënheet der Vollbluttjournalistin emol Froen ze stellen. Mir gi gewuer, wéi et deemools war als eenzeg Fra an der Redaktioun, wéi ee mat der Popularitéit ëmgeet a wéi et war mat grousse Politiker wéi François Mitterrand, Gerhard Schröder a Jean-Claude Juncker Interviewen ze maachen.
Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.