VullelandschaftLapplandmësch eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg erbléckst

RTL Lëtzebuerg
Et ass fir déi éischte Kéier, dass eng "Spornammer", also eng Lapplandmësch, am Grand-Duché gesi gouf.
© Bob Bertemes

Normalerweis veriert sech dës Aart net op Lëtzebuerg. Eng méiglech Theorie wier, datt si vun der Küst duerch de staarke Stuerm déi lescht Wochen an d’Banneland gedréckt gouf a sech elo hei ausrout. Dono dierft et dann nees weider a Richtung Norde goen.

An Europa iwwerwantert d’Lapplandmëscht deels a Frankräich an Däitschland, dat awer an der Küsteregioun. Déi aner Zäit fënnt ee se haaptsächlech a Schweden, Norwegen an dem nërdlechen Deel vu Russland.

© Bob Bertemes

Back to Top
CIM LOGO