"Lief a Fridden, Lin Hui"Lescht Panda-Damm vun Zoo zu Chiang Mai gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Panda Lin Hui hat en Dënschdeg bemol aus der Nues geblutt a war net méi ze retten. Domat huet den thailänneschen Zoo säi leschte Risepanda verluer.
D'Lin Hui beim Iessen.
D’Lin Hui beim Iessen.
© WANG TENG Xinhua via AFP

Den Direkter vum Zoo huet déi traureg Nouvelle e Mëttwoch matgedeelt. De Risepanda Lin Hui, dee vu China geléint war, ass e Mëttwoch gestuerwen. Nodeems den 21 Joer ale Panda en Dënschdeg de Moien ugefaangen huet, aus der Nues ze bludden, hätt sech säin Zoustand owes dramatesch verschlechtert. Och chineesesch Experte konnten den thailännesche Veterinären net hëllefen. D’Lin Hui wier an e Koma gefall an et wier “immens bedauerlech, datt hiert Liewen net gerett konnt ginn”, sot e Spriecher vum chineeseschen Ausseministère viru Journalisten zu Peking.

D’Lin Hui a säi Partner Chuang Chuang goufen 2003 vu China ausgeléint, haten allerdéngs jorelaang kee Succès beim Kannerkréien, wouduerch d’Lin Hui huet misste kënschtlech befrucht ginn. 2009 koum doropshin d’Panda-Meedche Lin Ping op d’Welt.

Iwwert eng Tëleeschaîne, déi 24 Stonne leeft, ass an Thailand eng reegelrecht “Pandamanie” ausgebrach an déi dräi Biere goufen zu enger Aart Kardashians-Famill aus der Déierewelt. 2013 gouf d’Duechter Lin Ping dunn awer a China geschéckt an de Papp Chuang Chuang ass sechs Joer méi spéit un engem Häerzinfarkt gestuerwen. Trotzdeem ware vill Fans vum Lin Hui traureg iwwer den Doud vum Panda. “Ech hu si mir dauernd op der Tëlee ugekuckt. Si huet mech motivéiert. Lief a Fridden, Lin Hui”, huet en Twitter-User geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO