Déieren a speziellen Zenter verluechtLescht staatlech Zooen a Costa Rica hunn hir Dieren zougemaach

RTL Lëtzebuerg
300 Déieren hu missten an en Zenter fir Wëll Déiere verluecht ginn, nodeem déi zwee lescht staatlech Zooen a Costa Rica zougemaach hunn.

Ënner den Déieren, déi vu Déierendokteren, Polizisten a Mataarbechter vum Ëmweltministère begleet goufen, waren e Jaguar, Krokodiller, Klammerafen a vill aner Zorten. Si goufen noenee vum fréieren Zoo Simon Bolivar an der Haaptstad San José an e Rehabilitatiounszenter fir Wëll Déieren um Rand vun der Stad bruecht.

“Mir sinn amgaangen, e Land ouni ëffentlech Zooen ze ginn, mat enger Visioun, déi op Schutzgebidder a Rettungszenteren ausgeriicht ass”, heescht et vum Ëmweltminister vum zentralamerikanesche Land Franz Tattenbach.

Costa Rica hat virun eelef Joer e Gesetz fir de Schutz vu Flora a Fauna decidéiert, duerch dat een déi staatlech Zooen am Land lues a lues ofschafe wollt. Dëst Gesetz betrëfft awer net déi Privatzooen, där et der op d’mannst 18 am Land ginn.

U sech sollten déi zwee Zooen an der Haaptstad schonn 2013 zougemaach ginn. De Problem war deemools just, datt béid Zooen zwar dem Staat gehéiert hunn, mä vun enger Stëftung gefouert goufen. Dës Stëftung hat géint d’Zoumaache geklot, wouduerch dëst sech ëm e Joerzéngt verspéit huet. E Freideg hate béid Ariichtung hir Dieren eng leschte Kéier opgemaach.

Back to Top
CIM LOGO