Plazmanktem zu Nürnberg100 Kloe géint Zoo wéinst Ëmbrénge vu Pavianen

RTL Lëtzebuerg
Am Déierepark zu Nürnberg war et ze enk ginn am Pavian-Käfeg. Fir Plaz ze maachen, goufen 12 vun den Déieren ëmbruecht.
Pavianen am Zoo zu Nürnberg
Pavianen am Zoo zu Nürnberg
© AFP

Dat trotz massive Protester vun Déiereschützer. Antëscht wieren der Spriecherin vum Parquet vun Nürnberg no eng 100 Kloe géint den Zoo erakomm. Dës souwuel vun Organisatioune wéi och vu Privatleit.

D’Déiereschutz- an Déiererechtsorganisatioune reprochéieren dem Park e Verstouss géint d’Déiereschutzgesetz. Deemno dierfen Déieren net ouni räsonabele Grond ëmbruecht ginn. “Ob hei e räsonabele Grond virlouch, wäert gepréift musse ginn”, sot d’Spriecherin weider. “Wéi eng Ermëttlungen néideg sinn, kann eréischt no enger Kontroll vun de Kloe beurteelt ginn.”

Back to Top
CIM LOGO