Et gouf eng Léisung fonnt40 bis 50 Fësch waren a Gefor, elo komme se an engem Weier am Préizerdaul ënner

Loïc Juchem
D'Situatioun war immens verfuer an eng 40 bis 50 Fësch hu riskéiert ze stierwen, well zu Kolpech beim Schlass net méi genuch Waasser am Weier ass. D’Déierenassociatioun ALPA hat dréngend no Hëllef gesicht, elo gouf eng Léisung fonnt.
40 bis 50 Fësch a Gefor: "Fir vill Fësch wäert et ze spéit sinn!"
D'Situatioun ass immens verfuer an eng 40 bis 50 Fësch riskéieren ze stierwen, well zu Kolpech beim Schlass net méi genuch Waasser am Weier ass.

D'ALPA (Association Luxembourgeoise pour la Protection des Animaux A.s.b.l.) ass virun e puer Deeg kontaktéiert ginn, well am Weier beim Schlass zu Kolpech kee Waasser méi dra wier, awer nach ëmmer Fësch géingen do liewen, dorënner Kaarpe vun 10 Kilo. Eng 40 bis 50 géingen der ALPA no nach am Weier schwammen an ee grousse Problem ass dee vum Transport. Et wousst een ufanks net, wéi een d'Fësch sollt transportéieren a wou ee se soll hibréngen. Wéi et no der Publikatioun vun dësem Artikel säitens der ALPA en Donneschdeg am Nomëtteg geheescht huet an och vum Eller Buergermeeschter confirméiert gouf, gouf eng Léisung fonnt. D'Fësch ginn en Donneschdeg nach aus dem Weier erauskomm, a kommen an en neie Weier an de Préizerdaul.

Um Site huet d'Croix Rouge hire Centre de Réhabilitation a si géinge sech ganz kooperativ weisen, mee kee wousst, wat ze maache wier. "Et huet einfach ze laang gedauert a fir vill Fësch wäert et ze spéit sinn!" betount d'Organisatioun. D'ALPA hat d'Croix Rouge an och d'Gemeng informéiert, ufanks wier een nach net virukomm. Et hätt een d'Gefill gehat, datt se engem wéilten hëllefen an och motivéiert sinn, eng Léisung ze fannen, mee et wousst kee wierklech, wat ze maachen ass. Mëttlerweil huet d'Associatioun och d'Waasserwirtschaftsamt informéiert an et hofft een op Hëllef a virun allem sicht een no Fachleit, déi kënnen hëllefen.

D'Croix Rouge an d'Gemeng Ell hunn eng Léisung fonnt, d'Fësch kommen an de Préizerdaul

Op Nofro hin hat de Service Presse vun der Croix Rouge sech bei eis gemellt a matgedeelt, datt een d'Situatioun immens eescht hëlt. Et hätt een observéiert, datt duerch de Waassermangel de Waasserspigel am Weier a leschter Zäit ëmmer méi gefall wier. Firwat een net méi fréi reagéiert hätt, konnt een eis net erklären. Um Enn wier d'Situatioun einfach immens séier eskaléiert.

Elo steet een awer am permanenten Austausch mat der Associatioun an der Gemeng an et wëll ee sou séier wéi méiglech d'Léisung ëmsetzen. Fir d'Croix Rouge ass dobäi och wichteg, eng laangfristeg Léisung ze fannen, fir datt sech esou eng Situatioun an den nächste Summeren net widderhëlt.

De Claude Schmit, Buergermeeschter vun der Gemeng Ell, war e Mëttwoch selwer op der Plaz. Hie huet d’Situatioun als dramatesch beschriwwen, gläichzäiteg wier et awer immens schwiereg, elo kuerzfristeg eppes ze ënnerhuelen. Ugangs hätt ee proposéiert, Waasser an de Weier ze leeden, mee d'Waasser aus dem Buer an der Géigend géing awer net duergoen. En Donneschdeg am Nomëtteg huet hien eis confirméiert, dass een am Gaange wier, d'Fësch aus dem Weier ze huelen an an e Weier an de Préizerdaul ze transportéieren.

Et gouf och gepréift, ob een d'Fësch aus dem Weier eraushuele kann, wat dunn och schlussendlech konnt realiséiert ginn. Well et sech ëm ganz ënnerschiddlech Fësch handelt, wier awer och dat net esou einfach. Den eigentleche Problem kënnt dohier, datt de Weier vun enger Baach alimentéiert gëtt, do géing awer aktuell kee Waasser méi lafen.

Vun hei aus soll de Weier alimentéiert ginn
Vun hei aus soll de Weier alimentéiert ginn
© Nicolas Sottiau

Einfach an de Weier klammen, wier iwwregens och keng Optioun: Et ass immens vill Bulli am Weier an domat besteet eng grouss Gefor, stiechen ze bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO