
Eng 65 Joer al Fra ass a Südafrika vun engem Hai attackéiert an déidlech blesséiert ginn. D'Attack ass en Dënschdeg um beléiften Orient Beach an der Stad KuGompo geschitt, déi fréier East London geheescht huet. D'Plagë ronderëm goufen duerno all gespaart an d'Bewunner vun der Stad opgeruff, déi nächst Zäit net méi an d'Waasser ze goen.
D'Police gouf no eegenen Aussoen en Dënschdegmoie géint 7 Auer alarméiert an op d'Plage geruff. Do hunn d'Beamten eng Fra mat "oppene Wonnen" fonnt. Si huet hir Blessuren net iwwerlieft.
D'Fra war lokale Medieberichter no eng reegelméisseg Schwëmmerin an hat sech zum Zäitpunkt vum Ugrëff mat engem Grupp am Waasser opgehalen. Dëse Grupp huet op Facebook matgedeelt, datt aner Schwëmmer de Schwanz an d'Réckefloss vun engem Hai gesinn hätten. D'Affer huet uerg Blessuren erlidden un der rietser Säit vun Aarm bis Been.
Hai-Attacken op Mënsche sinn immens seelen. Dem "International Shark Attack File" vun der University of Florida no koum et am leschte Joer weltwäit zu 65 net provozéierten Attacken. Dobäi gouf et néng Doudesaffer, eent dovun a Südafrika.