Mecklenburg-VorpommernAf, dee fortgelaf war, geet vun eleng nees zeréck an den Déierepark

AFP, iwwersat vun RTL
Ee Berber-Af, deen aus engem Déierepark a Mecklenburg-Vorpommern fortgelaf ass, ass fräiwëlleg a ganz vun eleng nees zeréck a säin Déierepark zeréckkomm.
Ein aus einem Tierpark in Mecklenburg-Vorpommern entkommener Berberaffe ist aus eigenen Stücken in sein Gehege zurückgekehrt. Das berichtete die Polizei. Zuvor waren Fangversuche gescheitert.
De Berber-Af ass ganz vun eleng nees zeréck a säin Déierepark gaangen.
© AFP/Archiv

Wéi eng Spriecherin vun der Police zu Neubrandenburg en Donneschdeg matgedeelt huet, war d'Déier e Mëttwoch zu Ueckermünde fortgelaf, wou et grad ze iesse gouf. D'Déier konnt net agefaange ginn, ma en Donneschdeg war et dunn bemol erëm do.

Wéi et heescht war den Af deen Ament a Quarantän, well en u sech geschwënn an ee spueneschen Zoo sollt transportéiert ginn.

Zeien haten den ausgebéchsten Af den Dag virdrun op enger Strooss zu Uckermünde gesinn. Eng Rei Versich, d'Déier ze fänken, waren net gegléckt. Antëscht war dat männlecht Déier dunn och verschwonnen, ier et am Laf vum Owend an engem Bam gesi gouf. Méi spéit ass et du wéi gesot vum selwen nees zeréckkomm.

Back to Top
CIM LOGO