AustralienAussergewéinlech Impfaktioun, fir wëll Zwergpinguine viru Vullegripp ze schützen

AFP, iwwersat vun RTL
Naturschützer an Australien hunn eng aussergewéinlech Impfcampagne lancéiert, fir wëll Zwergpinguine virun der héich ustiechender Vullegripp ze schützen.
Little penguins in Australia are at risk from H5N1 avian influenza
Op der Insel Phillip Island an Australien lieft déi weltwäit gréisst Kolonie vu wëllen Zwergpinguinen.
© Phillip Island Nature Parks/AFP/File

De Virus H5N1 gouf eng éischte Kéier am Juni dëst Joer um australesche Festland nogewisen an antëscht och bei engem verstuerwene Pinguin op Phillip Island festgestallt.

Op Phillip Island lieft déi weltwäit gréisst Kolonie vu wëllen Zwergpinguine mat bis zu 40.000 Déieren. Naturschützer wëllen elo ronn 5.000 Pinguinen an der Géigend vun de Plazen impfen, bei déi vill Touriste kommen, fir d'Pinguinen ze gesinn. Den Autoritéiten no ass et déi bis ewell gréisst Impfaktioun vun där Aart bei enger wëller Déierepopulatioun weltwäit.

Little penguins are being vaccinated against the H5N1 bird flu in Australia
Little penguins are being vaccinated against the H5N1 bird flu in Australia
© Phillip Island Nature Parks/AFP

D'Déiere kréien idealerweis zwou Impfdosissen am Ofstand vun e puer Wochen. Mat der Hëllef vu Mikrochippe gëtt erfaasst, wéi eng Pinguine scho geimpft goufen. D'Aktioun dierft e puer Wochen oder souguer Méint daueren.

Wildlife teams have started vaccinating little penguins on Australia's Phillip Island
Wildlife teams have started vaccinating little penguins on Australia's Phillip Island
© Phillip Island Nature Parks/AFP/File

Experten hoffen, datt d'Mesure déi beléift Vulle virun engem gréisseren Ausbroch schützt an déi eenzegaarteg Kolonie op Phillip Island erhält.

Back to Top
CIM LOGO