De Bockelwal ass warscheinlech un enger bakterieller Infektioun gestuerwen. Zu där Conclusioun koum d'Deutsche Meeresmuseum op Basis vu virleefege Resultater. Deemno gëtt et de Verdacht op eng Sepsis. Et stéingen nach Resultater vu Prouwen aus, esou zum Beispill zu der Aart vun der Bakterie.
De Bockelwal war leschten Donneschdeg tëscht der Insel Rügen an dem Festland um Réck am Waasser fonnt ginn. De warscheinlechen Doudeszäitpunkt soll dem Deutsche Meeresmuseum no e Mëttwoch oder en Donneschdeg gewiescht sinn.
Dat ronn zéng Meter laangt Männchen huet e Gewiicht vu siwen Tonnen a war dräi oder véier Joer al. Äusserlech Blessuren, zum Beispill vu Schëffsschrauwen oder Netzer, wieren net fonnt ginn.
Allerdéngs hunn d'Wëssenschaftler zwou ronn Ëffnungen am hënneschte Beräich um Réck fonnt. Do wier och een Abszess gewiescht, dee vu banne vun der Schank bis no baussen ausgetruede war. Deeler vun der Wirbelsail op där Plaz wieren och entspriechend porös gewiescht. Dobäi wieren nach weider Abzesser mat Eeter am Beräich vun der Wirbelsail an um Kugelgelenk vum rietse Flipper, der Broschtfloss, fonnt ginn.
D'Haut wier iwwerdeem vun der Kappspëtzt bis zu der Réckefloss routbrong verfierft gewiescht. Déi iewescht Hautschicht hätt groussflächeg gefeelt an de Mo, Dënn- an Déckdaarm waren den Analysen no eidel. D'Fettschicht wier nach knapp sechs Zentimeter déck gewiescht, wat op eng méi laang Hongerphas hiweise géing.
Op enger Plaz vun der Fettschicht, och "Blubberschicht" genannt, wier ausserdeem e gerénge Befall vu Parasitte festgestallt ginn. Soss hätt d'Déier keng Parasitte gehat.
Gebuerge gi war de Wal vum "Wasserstraßen- und Schifffahrtsamt Ostsee". Den Zoustand vum Kadaver wier den Experten no baussenzeg nach frësch gewiescht. Wéinst der héijer Waasser- a Lofttemperatur hätt sech d'Déier awer schonn deels opgeblät. E Freideg hätt d'Verweesung och schonn der Zersetzung vun den Organer gefouert. Prouwe vum Gehier, der Long an den Nieren hätten dowéinst net méi kënne geholl ginn.
D'Analyse waren e Freideg an e Samschdeg bei deels 30 Grad gemaach ginn. Schiet gouf et fir d'Wëssenschaftler deemno no net. D'Obduktioun wier dowéinst och fir Experten erausfuerderend gewiescht, wéi zum Beispill wou déi opgeblät Zong opgeschnidde gouf.
Enger Spriecherin vum Deutschen Meeresmuseum no wier et warscheinlech de Wal, dee virdru schonn un der Küst vu Schleswig-Holstein a méi spéit am Hafen zu Wismar gesi gi war. Et géing zwar keng honnertprozenteg Noweiser, mä d'Hautverfierwung wier relativ spezifesch. Donieft kéinten d'Abzesser zu der ongewéinlecher Haltung vum Déier passen, déi enger Mieresbiologin komesch virkoum.