Concours a KalifornienBulldog-Mischling Petunia ass den "ellensten Hond vun der Welt"

RTL Lëtzebuerg
Den Titel kléngt zwar net direkt no enger Éierung, ma de Concours vum "ellensten Hond vun der Welt" wëll weisen, datt och "ellen" Hënn schéi Säiten hunn.

Kuerz Been, e Gesiicht voller Falen an e schléiferege Bléck: Dës manner schéi Qualitéiten hunn dem Petunia zu der Victoire gehollef. De Bulldog-Michling gouf bei engem Concours a Kalifornien zum “World’s Ugliest Dog”, also dem ellensten Hond vun der Welt, gewielt.

De Podium

Den zwee Joer ale Mupp huet de Concours, dee schonn zanter de 70er organiséiert gëtt, e Freideg den Owend zu Santa Rosa gewonnen. Seng Meeschtesch, d’Shannon Nyman aus dem Bundesstaat Oregon, huet sech sichtlech iwwer d’Präisgeld vu 5.000 Dollar gefreet.

D’Jinny Lu, e 5 Joer ale Mops, deen d’Zong eraushänken huet, huet et op déi zweet Plaz gepackt. Schonn 2023 hat de Mops beim Concours matgemaach, hat et deemools awer net op de Podium gepackt. Seng Besëtzerin d’Michelle Grady huet dës Kéier ëmmerhin e Präisgeld vun 3.000 Dollar mat heem geholl.

De “chineesesche Schopfhond” Poppy huet mat senge 7 Joer a vill plakeger Haut déi 3. Plaz gewonnen. Säin Optrëtt gouf mat 2.000 Dollar belount.

Fir seng eng Plaz um Podium ze sécheren, hu sech d’Pelznuese missen op enger Bün viru Spectateure presentéieren, déi duerch Klappen hu misse weisen, wéi “ellen” se de Mupp fannen. E Jury huet dann ofgestëmmt. Dobäi sinn d’Ausgesinn, d’Perséinlechkeet an d’Reaktioun vum Public an hir Decisioun agefloss.

Optrëtt a Morning-Show

Op de Bulldog-Mischling Petunia kënnt awer elo nach e weideren Optrëtt duer. Nieft enger Éierung gëtt dem Mupp a senger Meeschtesch e Fluch op New York spendéiert, wou de Gewënner e Méindeg an der Morning-Show vum Sender NBC presentéiert gëtt.

Schéi Säite vun “ellenen” Hënn weisen

Beim Concours wéilt ee sech awer net iwwer “ellen” Hënn lëschteg maachen, mä villméi hir schéi Säite presentéieren, wéi d’Organisateuren erklären. Vill vun de Participante kommen aus Déierenasyler. Mat Aktioun gëtt also och dozou opgeruff, ausgesat Déieren en neit Doheem ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO