HimmelsspektakelDausende Schmuebele verbréngen d'Nuecht op der Schlammwiss

Christophe Hochard
Dausende vu Schmuebelen zitt et vun August bis ugangs September owes an d'Schlammwiss.

Bis 7.000 Schmuebele kommen tëscht Mëtt August bis ugangs September an d'Schlammwiss fir do z'iwwernuechten. An dësem Naturreservat bei Uewersyre gëtt et ganz vill Schilf. Op de Blieder vun dëser Planz schlofen dës kleng Villercher. "10 Minutte bis eng Véierelstonn no Sonnenënnergang kommen d'Schmuebelen hei higeflunn. Bis Enn August kommen der elo all Dag méi", sou de Jim Schmitz, Responsabel vun der Schlammwiss.

Vun Insekten ernäre sech d'Schmuebelen. Mécke stinn op hirem Menüsplang.
Dausende vu Schmuebelen zitt et vun August bis ugangs September owes an d'Schlammwiss.

Zanter 1969 ginn an dësem Naturreservat d'Villercher beréngt. "Mir hu bis ewell 130 Dausend Schmuebele beréngt. Tëscht 1985 bis 1988 hate mir eng Campagne lafen, do hu mir 40.000 Schmuebele beréngt. Dëst fir eraus ze fannen, vu wou déi Schmuebelen Iwwerhand hierkéimen". D'Schmuebele kommen aus engem Ëmkrees vun 30 Kilometer an d'Schlammwiss.

Vun Insekten ernäre sech d'Schmuebelen. Mécke stinn op hirem Menüsplang. "Dat ass e Probleem, dee mir weltwäit hunn. D'Insektewelt ass a Gefor. D'Schmuebelen zéien am Wanter Richtung Afrika erof, well déi Zäit ginn et keng Insekten hei".

Back to Top
CIM LOGO