
Wéi d'Héichschoul fir nohalteg Entwécklung am brandenburgeschen Eberswalde en Donneschdeg matgedeelt hunn, gouf den Elch Bert op enger Weed fonnt. Hien ass do wuel un de Suitte vun ënnerleche Verletzunge gestuerwen. D'Ursaach léisst sech net eendeiteg feststellen, wéi et weider heescht.
De Bert war aus Polen eriwwer an Däitschland gewandert a war jorelaang a Brandenburg doheem. Fuerscher haten him deemools e GPS-Halsband verpasst a suivéiert. Hie war 10 Joer al zum Zäitpunkt vu sengem Doud.
Wéi schonn an de leschte Joren ëm dës Saison, huet sech de Bert wärend der Paarungszäit op enger Weed mat Ranner opgehalen. Do wier et och schonn e puer Mol zu Kontakter mat de Béischte komm. Gläichzäiteg wier an den Deeg virum Bert sengem Doud een aneren Elch am selwechte Gebitt gewiescht. Begéine sech zwee ausgewuesse männlech Elchen wärend der sougenannter Brunft, kënnt et dacks zu Ausernanersetzungen.
E Samschdeg de Moien hunn d'Fuerscher gemierkt, dass den Elch sech net méi géint deplacéieren. Den Dag drop huet d'GPS-Halsband e Signal geschéckt, dat op den Doud vum Déier higedeit huet. Kuerz drop gouf dunn den Elchkadaver gebuergen. E gëtt am Leibniz-Institut für Zoo- und Wildtierforschung zu Berlin ënnersicht.
De Bert gouf 2016 am Nordoste vu Polen gebuer. Am Februar 2018 gouf hien eng éischte Kéier am südleche Brandenburg gesinn. Zanterhier hunn d'Fuerscher hie mat Hëllef vum GPS-Signal begleet. Hie war bis ewell deen eenzege bekannten Elch op däitschem Territoire, deen och do heemesch ginn ass. Nodeems hien a sengen éischte Jore grouss Wanderschaften ënnerholl hat, hat hien am Fréijoer 2019 am Naturpark Nuthe-Nieplitz südwestlech vu Berlin eng fest Heemecht.
Am Laf vun de Joren dono ass den imposanten Elch iwwert d'Regioun eraus bekannt ginn an huet sech zu engem richtege Maskottchen entwéckelt.