Berüümt wéinst Fuerschung iwwer SchimpansenD'Jane Goodall ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Déi bekannt Primaten- a Verhalensfuerscherin Jane Goodall ass dout.
© BRYAN BEDDER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Dat huet hiren Institut e Mëttwoch via d’sozial Medie matgedeelt. Wéi et an engem Post op Instagram heescht, wier si en natierlechen Doud gestuerwen. Si wier den Ament vun hirem Doud fir eng Tour am US-Bundesstaat Kalifornien gewiescht.

D’Jane Goodall gouf virun allem duerch hir Fuerschung iwwer Schimpanse bekannt. Fir dës ze beobachten huet si 25 Joer laang mat hinnen zesummen am “Gombe Stream National Park” an Tansania gelieft. Si konnt ënner anerem noweisen, dass Schimpansen net nëmme Geschier benotzen, mee dëst och selwer hierstellen, wat als en Duerchbroch an der Erfuerschung vun de Mënschenafen ugesi gëtt.

Nodeems hir Beobachtung vun de Schimpansen eriwwer war, huet si sech ëffentlech fir den Erhalt vun de Liewensraim vun de Primaten agesat.

Back to Top
CIM LOGO