A Shampoingsfläschen transportéiertDouane saiséiert 55 Echsen a 37 Gëftschlaangen um Fluchhafe Köln/Bonn

AFP, iwwersat vun RTL
Schock-Decouverte vun der Douane um Fluchhafe Köln/Bonn: Iwwer 90 deels gëfteg an a Shampoingsfläsche verstoppt Reptilie goufe bei engem Mann fonnt, deen aus Latäinamerika agereest war.
Am Flughafen Köln/Bonn sind mehr als 90 Giftschlangen und Echsen im Koffer eines Reisenden aus Lateinamerika gefunden worden. Sie waren zum Teil in in Shampooflaschen, aber auch in Sockenknäueln versteckt.
Déi iwwer 90 deels gëfteg Reptilie goufen a Shampoings- a Crèmefläschen, mee och Strëmp transportéiert.
© AFP/Archiv

Wéi d'Kölner Douane matdeelt, soll et sech ëm 55 Echsen a 37 Gëftschlaangen aus Mexiko handelen. De 45 Joer ale Mann, an deem sengem Bagage d'Déiere fonnt goufen, wier deemno bei enger Kontroll erwëscht ginn.

Well hien duerch säin nervööst Verhalen opgefall war, gouf bei him en Drogentest gemaach, bei deem Kokainkonsum festgestallt gouf. Doropshin ass säi Gepäck no Drogen duerchsicht ginn. Där goufen zwar keng fonnt, mee dofir sëllege lieweg Schlaangen an Echsen, déi a Shampoings- a Crèmefläsche verstoppt waren. E puer vun den Déiere wieren och a Strëmp fonnt ginn.

De Schmuggler huet uginn, d'Reptilie fir e Bekannte bei senger Rees an Däitschland matgeholl ze hunn. D'Schlaangen an Echse goufe vun engem Veterinär zu Köln iwwerholl a versuergt, ier se op eng Schlaangefarm bei Braunschweig bruecht goufen. Hei goufe se och zu engem groussen Deel als Gëftschlaangen identifizéiert.

Der Douane no hunn e puer vun den Déieren den Transport ouni Waasser an Iessen net iwwerlieft.

Back to Top
CIM LOGO