Zwee kleng Muppen a Poubelle an Heck fonntD'Paola an d'Jepolina sinn um Wee vun der Besserung

Bakir Demic
En häerzlose Fall vun Déierequälerei hat déi lescht Deeg vill User an de soziale Reseaue beschäftegt.

Zwee Welpen, warscheinlech nëmmen en Dag al, goufen e Méindeg getrennt vuneneen zu Dikrech an um Kierchbierg fonnt. Een an enger Poubelle, deen aneren an enger Heck. En häerzlose Fall vun Déierequälerei, deen am Netz fir Onverständnes a Roserei gesuergt huet.

De Mupp, deen zu Dikrech an enger Poubelle fonnt ginn ass, gouf vun de Veterinäre vu MäiVet un d’Déiereschützer vun der Casa Perro - Animal Rescue ASBL weiderginn a krut vun hinnen den Numm “Paola”. De Welpe, deen an enger Heck um Kierchbierg fonnt gouf, gouf als éischt der Association Luxembourgeoise pour la Protection des Animaux (ALPA) uvertraut, ier dës en u LuxiVet fir eng éischt Kontroll iwwerginn huet.* No enger éischter Nuecht bei LuxiVet koum och dëse Mupp bei d’Casa Perro, déi ëm den Numm “Jepolina” ginn huet.

Op Nofro hi confirméieren eis d’Tam an d’Marel vu Casa Perro, datt et de Muppen den Ëmstänn entspriechend gutt geet. Si gi mat enger Decken, enger Wäermeluucht, Wäermefläschen a vill Kierperkontakt waarm gehalen a reegelméisseg gefiddert. Well hiren Immunsystem nach muss opgebaut ginn, hu si den Ament nëmme ganz wéineg Kontakt zu aneren Hënn oder Mënschen.

Datt et sech beim Paola an Jepolina ëm Geschwëster handelt, dorunner hunn d’Tam an d’Marel keng Zweiwel: “Mir sinn eis zimmlech sécher, dass et Geschwëster sinn. Se gläiche sech a sinn d’selwecht al a mir denken net, dass dat zoufälleg zweemol geschitt ass.” Hätt keen d’Muppe fonnt, hätte si d’Nuecht warscheinlech net iwwerlieft.

Wéini d’Paola an d’Jepolina kënne weidervermëttelt ginn, kéint een elo nach net soen. Deementspriechend ginn den Ament och nach keng Adoptiounsufroen ugeholl. Dankbar wier een awer fir déi vill Donen, déi an der Tëschenzäit erakomm sinn: “D’Leit si ganz gewollt eis ze hëllefen, mir krute schonn eng Rei Saachspenden an och finanziell Donen. Wa se bis méi grouss sinn a musse geimpft, gechippt an ënnersicht ginn, si mer frou wa mer dat mat den Done kënne bezuelen.”

Benannt goufen d’Paola an d’Jepolina iwwregens nom Tam sengem verstuerwene Papp Jean-Paul, dee selwer e groussen Déierefrënd war an deem een op dësem Wee gedenke wollt, erklären eis déi zwee Déiereschützer.

Entretemps ass och PETA Däitschland op de Fall opmierksam ginn an huet eng Belounung vu 500 Euro op Hiweiser zur responsabeler Persoun ausgesat. “Wir möchten helfen aufzuklären, wer die erst einen Tag alten Hundebabys so herzlos wie Müll ‚entsorgt‘ und damit ihren Tod in Kauf genommen hat (...) Der oder die Halterin hätte genug Verantwortungsbewusstsein zeigen und stattdessen zum Beispiel einen Tierschutzverein direkt um Hilfe bitten müssen. Die beiden einfach auszusetzen, ist tierschutzwidrig und muss bestraft werden.”, heescht et vun der Organisatioun an engem Schreiwes.

Wéi Casa Perro eis weider erkläert, huet d’ALPA eng Plainte bei der Ettelbrécker Police deposéiert, un déi och all weider Hiweis goe soll.

*An enger éischter Versioun vun dësem Artikel hu mir geschriwwen, d’Déiereschutzorganisatioun Frida ASBL hätt sech ëm d’Jepolina gekëmmert. Et war awer effektiv d’ALPA.

Back to Top
CIM LOGO