MënsbechD'Schlammwiss - déi Lëtzebuergesch Tëschenetapp fir Zuchvigel

RTL Lëtzebuerg
De Summer ass fir eis zwar nach laang net eriwwer, ma déi éischt Zuchvigel fänken awer scho mat hirer laanger Rees an de Süden un.

Si maachen dobäi gären en Tëschestopp am Biotop vun der “Schlammwiss” zu Mënsbech. Fir si dobäi z‘ënnerstëtzen, këmmeren sech d’Mataarbechter vum Naturschutzgebitt ëm d’Betreiung an d’Iwwerwaachung vun de Vullen, fir de Schutz vun de Bestänn ze verbesseren.

Zuchvigel Schlammwiss / Reportage Chris Meisch

Ënner anerem d’Schmuebele si grad ënnerwee an de Süden a maachen en Tëschestopp an der “Schlammwiss” zu Mënsbech. De Wee bis an Afrika ass wäit an ustrengend, dofir mussen d‘Zuchvigel ënnerwee raschten, eppes Iessen an Energie sammelen. Fir si ass dëse Stopp iwwerliewenswichteg, esou de Jim Schmitz, Vizepresident vun Natur & Ëmwelt.

“D‘Schaarschtechschmuebel ass elo fäerdeg mat bréien, déi preparéiert sech op d‘Rees fir an Afrika an da sammelen si sech. Si sammele sech elo ganz einfach hei am Schilf, wëll se do richteg flott sëtzen, heiansdo huet een se och am Mais sëtzen oder a Weeden, an déi sinn all Joer hei an dofir ass et och wichteg, dass een dee Schilf erhält. Et ass net nëmme wichteg fir d‘Schmuebel, et ass wichteg am Wanter, well do aner Vigel iwwerwanteren, wéi de Bergpieper. Et ass wichteg am Fréijoer fir d‘Migrateuren, déi doduerch zéien, et ass wichteg am Summer, well een eng ganz Partie Saachen huet, déi dra bréien, déi soss néirens kënne bréien. An am Hierscht ass et och eng Tankstell fir Migrateuren, déi erof ginn, well se do vill Insekte fannen.”

D‘Schmuebelen, déi hei beréngt ginn, fléien dacks weider iwwer d‘Sahara bis an d’Naturschutzgebidder ronderëm de Niger a Kongo. Duerch d’Beréngung kënne Fuerscher besser verstoen, wéi al d’Vulle ginn, wéi héich d’Mortalitéit ass an iwwer wéi eng Strecken se zéien - wichteg Informatiounen, fir de Schutz vun de Populatiounen ze verbesseren.

“Dat heescht déi kréien alleguer hei ee klenge Rank un, et ass eng Carte d‘identité am Fong geholl. Mir hunn och dank där Beréngung hei, déi vun 1969 hei an der Schlammwiss leeft - dat si Langzäitdonnéeën, déi ee sammelt - festgestallt, dass d‘Lëtzebuerger Schmuebelen aus eisem Eck hei, am Knéck vun Afrika iwwerwanteren, an enger Reserve naturelle, wou 15-20 Millioune Schmuebelen iwwerwanteren.”

Op der “Schlammwiss” si virun allem dräi Aarte vertrueden: d’Schaarschtechschmuebel, d’Hausschmuebel an d’Grondschmuebel. Virun allem d’Schaarschtechschmuebel ass fir hir “Heemrees” bekannt - se kënnt dacks genee dohin zeréck, wou se d’Joer virdru gebréit huet. Dat mécht kloer, wéi wichteg et ass, Biotope laangfristeg z’erhalen.

D'Schlammwiss - déi lëtzebuergesch Tëschenetapp fir Zuchvigel
De Summer ass fir eis zwar nach laang net eriwwer, ma déi éischt Zuchvigel fänken awer scho mat hirer laanger Rees an de Süden un.

Back to Top
CIM LOGO