
“Huet do ee vergiess, an de Spigel ze kucken”, esou ass e Post vun engem polneschen Zoo iwwerschriwwen, dee grad vill Opmierksamkeet op de soziale Reseaue kritt. Den Zoo Wroclaw huet nämlech ee ganz besonnesche Moment tëscht zwou Spezies mat hirer Kamera konnten afänken. Ze gesinn ass ee klenge chineesesche Réibock, e sougenannte Muntjak, dee sech mat engem Nashorn uleet. Déi annerhallef Tonn Ënnerscheed schéngen hie wéineg ze stéieren.
Et gesäit ee wéi de klenge Bock ëmmer nees mam Kapp dat grousst Nashorn vun 1,7 Tonnen erausfuerdert a si sech souguer duerch d’Perch joen. Ee Kappstouss vum Maruśka géif u sech duergoen... de Maruśka, wéi d’Nashorn heescht, hätt awer och “eng helleg Gedold”.
Als Grond fir dësen ongläichen Duell nennt den Zoo, dem Réi seng Partnerin. Déi wier de Moment hëtzeg an doduerch wier beim Réibock en Iwwerschoss un Testosteron am Spill an déi opgestauten Energie muss eraus. Obschonn e Muntjak-Réi maximal just en hallwe Meter héich gëtt, kënne si ouni Problemer mat Déiere wéi Nashörner zesummeliewen. Normalerweis gi sech béid Déierenaarten allerdéngs aus de Féiss, eleng scho well si hiren Territoire ënnerschiddlech markéieren. E Muntjak ass zum Beispill immens territorial, e Nashorn dogéint ass a sengem Revéier ganz tolerant a këmmere sech ëm hir Ugeleeënheeten. Just Tigere bréngen et fäerdeg, si a fräier Natur nervös ze maachen.
De Zoo Wrocław ass dee gréissten Zoo a Polen a bekannt fir seng Aartevillfalt, besonnesch awer afrikanesch Déieren.