
Bei der Zielung vun de Séihënn um Wattemier goufe ronn 2.400 Jongdéieren enregistréiert. Dat huet d'Landesamt zu Oldenburg e Freideg matgedeelt, déi fir d'Ziele responsabel sinn. Domat goufe 60 Jongdéiere méi gezielt wéi d'Joer virdrun. Am Ganzen hätt een tëscht Ems an Elbe 7.957 Séihënn gezielt, inklusiv de erwuessenen Déieren. Dat waren der knapp 450 manner am Verglach mat 2025, dëst géif awer am Beräich vun übleche Schwankunge leien.
All d'Déieren hätten bei der Zielung e "gesonden a vitalen Androck" gemaach. Hiweiser op Viruserkrankunge wéi déi sougenannte Staupe oder d'Vullegripp goufe bis ewell net ënnert deenen Déiere fonnt, déi doudeg u Land geschwemmt gi wieren. All Joer géifen 180 doudeg Séihënn ugespullt ginn, vun deenen en Deel pathologesch ënnersicht gouf.
Séihënn gëllen als wichteg Indicateur fir d'Wattemier. Unzuel a Gesondheetszoustand gi Réckschlëss op de Fëschbestand, d'Waasserqualitéit an och op de Fësch als empfindlecht Liewensmëttel.
D'Zielung ass all Joer tëscht Juni an August, opgedeelt op 5 Datumer. Dobäi ginn d'Déiere bei Niddregwaasser, wa se op de Sandbänke raschten, aus der Loft gezielt. Schonn zanter 1958 gëtt de Séihondbestand an Niedersachsen erfaasst.