Wann Hënn, Kazen a Co. an d'Vakanz ginnEen Dag am Liewe vun engem, deen an der Déierepensioun schafft

Philippe Dondelinger
Wann hir Meeschteren an d'Vakanz fueren oder aus anere Grënn eng Zäit net no hirem Déier kucke kënnen, brauch och de véierbeenege Matbewunner eng Plaz, wou e gutt versuergt gëtt.

An der Déierepensioun "Lassie" zu Izeg këmmert sech d'Chantal Maquet zesumme mat hirer Ekipp ëm Hënn, Kazen, Päerd an nach eng ganz Partie aner Déieren. Mir hu si een Dag laang bei hirer Aarbecht begleet.

Zanter méi wéi 25 Joer eng Passioun

Fir d'Chantal Maquet ass d'Déierepensioun méi wéi just eng Aarbecht. Am Juli 2000 huet si "Lassie" gegrënnt. Aus dem Projet vun deemools ass mat de Joren eng grouss Déierepensioun ginn, an där eng ganz Ekipp dofir suergt, datt et den Déiere wärend der Absence vun hire Besëtzer un näischt feelt.

D'Pensioun läit zu Izeg, mat Wisen a Bëscher ronderëm – vill Plaz also virun allem fir déi Gäscht, déi op véier Patten ënnerwee sinn.

Wann Hënn, Kazen a Co. an d'Vakanz ginn
Wann hir Meeschteren an d'Vakanz fueren, brauch och de véierbeenege Matbewunner eng Plaz, wou e gutt versuergt gëtt.

Wie mengt, an enger Déierepensioun géif et virun allem dorëms goen, e bësse mat Hënn a Kazen ze spillen, dee mierkt séier: Hannendru stécht vill méi Aarbecht.

D'Déiere musse gefiddert ginn, hir Plaze gebotzt an natierlech muss gekuckt ginn, ob et jidderengem gutt geet. Dobäi huet all Déier seng eege Gewunnechten a Besoinen. Deen ee brauch méi Beweegung, deen anere méi Rou – a munch Déier huet och säin eegent Fudder oder brauch eng speziell Betreiung.

Net nëmmen Hënn a Kazen

Och wann ee bei enger Déierepensioun fir d'éischt un Hënn a Kazen denkt, ass d'Offer bei "Lassie" méi breet. Nieft Hënn a Kazen kënnen och Päerd, kleng Hausdéieren a Villercher hei betreit ginn. Dat bedeit fir d'Ekipp och, sech op ganz ënnerschiddlech Déieren anzestellen. E Päerd huet aner Besoine wéi eng Kaz an en Hond brauch nees eng aner Betreiung wéi e klengt Hausdéier.

Fir vill Besëtzer ass et net einfach, hiert Déier fir e puer Deeg oder souguer méi laang an aner Hänn ze ginn. Dowéinst setzt d'Déierepensioun op Transparenz. D'Besëtzer kënnen d'Installatioune kucken an hiert Déier selwer op seng Plaz begleeden. Esou gesi si, wou hiren Hond, hir Kaz oder en anert Déier déi nächst Deeg verbréngt.

Fir d'Chantal an hir Ekipp heescht dat awer och eng grouss Verantwortung. Déi ganz Zäit, wou d'Déier do ass, iwwerhuele si d'Roll vum Meeschter oder der Meeschtesch.

Vill Aarbecht a vill schéi Momenter

Botzen, fidderen, organiséieren an d'Déieren am A behalen: En Dag an enger Déierepensioun ass gutt gefëllt. Ma et gëtt natierlech och déi Momenter, fir déi een dëse Beruff mécht – wann en Hond sech iwwer säin Tour dobausse freet, eng Kaz sech kraule léisst oder e Stammclient scho bei der Arrivée genee weess, wou et higeet.

No méi wéi 25 Joer ass d'Déierepensioun "Lassie" fir d'Chantal Maquet dofir net einfach nëmmen hir Aarbechtsplaz. Déieren ze versuergen, ass hiren Alldag an eng Passioun, déi si all Dag op en Neits beschäftegt.

Dag am Liewe vun engem, deen an der Déierepensioun schafft
An der Déierepensioun "Lassie" zu Izeg këmmert sech d'Chantal Maquet zesumme mat hirer Ekipp ëm Hënn, Kazen, Päerd an nach eng ganz Partie aner Déieren.

Back to Top
CIM LOGO