D'Famill Cannarelli vun New York huet d'Int "Louie" eigentlech nëmme kuerz bei sech wollten ophuelen. Ma séier gouf si zum beschte Frënd vum Hond Barley.
De Barley hat virun e puer Joer Krämp, déi mat Medikamenter gestoppt konnte ginn. Allerdéngs hat d'Medikamentatioun och Niewewierkungen: den Hond war manner aktiv an hat seng Liewensfreed verluer.
Wéi sech d'Frëndschaft mam Louie entwéckelt huet, huet d'Famill eng erstaunlech Verännerung bemierkt. De Barley huet nees gelaacht, mam Schwanz gewackelt a seng fréier Liewensfreed zeréckfonnt.
Haut sinn déi Zwee bal net ze trennen a spillen, rolzen a raschten zesummen.