
D’Police aus Schleswig-Holstein mellt eng gescheitert Entféierung vun engem Wäschbier. Onbekannter sinn an der Nuecht gewaltsam an en Déierepark zu St. Peter-Ordning agebrach an hu gezielt de Beräich vun de Wäschbieren opgesicht.
Déi geplangten Entféierung ass awer gescheitert, well dat uviséierten Déier laut den Ermëttler aus dem Beräich fortgelaf ass.
Mataarbechter vum privaten Déierepark hunn der Police no den opgereegte Wäschbier an der Nuecht op en Donneschdeg “séier” erëmfonnt. “Dem Déier geet et gutt”, hu si verséchert.
D’Police ermëttelt elo géint déi onbekannt Täter, déi weider op der Flucht sinn.