Eng ongewéinlech Kuliss, déi d’Fro opwerft: Firwat sou vill wäiss Storchen op eemol, an dat hei zu Lëtzebuerg?
August ass Reeszäit
Fir dës Fro ze klären, hu mir mam Vullenexpert Jim Schmitz geschwat. Hien huet erkläert, datt den August fir vill Zuchvullen den Ufank vun hirer Rees a Richtung Afrika bedeit.
“Et kënnt vir, datt och wäiss Storchen en Tëschestopp hei am Land maachen, ier se weiderfléien,” esou de Jim Schmitz.
D’Zuel op de Biller wier awer “wierklech impressionant”.
Vum Norden an de Süden
D’Storche fléien all Joer vum Norden duerch Europa a Richtung Süden. Vill zéien iwwer Frankräich bis op Gibraltar, wou se d’Meeresenge iwwerfléien, fir Afrika ze erreechen. Dës Rees kann dausende Kilometer laang sinn.
Firwat esou vill op eemol?
Den Jim Schmitz erkläert, datt Storchen sech ënnerwee gären a méi grousse Gruppe sammelen, fir ze raschten. Grouss Felder bidden hinnen do d’Méiglechkeet fir ze Iessen, zum Beispill Insekten oder Fräschen.
E Symbol vu Gléck
De wäisse Storch ass an Europa bekannt a gëllt a ville Länner als Glécksbrénger. An de leschte Joerzéngten huet seng Populatioun sech an e puer Regiounen erholl, och duerch Schutzprogrammer.
Awer esou grouss Versammlungen, wéi déi, déi dës Woch op engem Feld an der Gemeng Wëntger observéiert goufen, bleiwen e rare Spektakel.
Hutt Dir och Fotoen oder Videoe vun de Storche gemaach, da schéckt eis se gär op red[at]rtl.lu.