Vullegripp ass zu LëtzebuergFanger ewech vun doudege Vullen

Monique Kater
18 wëll Vulle goufen elo dëst Joer hei am Land positiv op d’Vullegripp getest.
Doudeg Déiere soll een net upaken, mee direkt der Veterinärsinspektioun mellen
18 wëll Vulle goufen elo dëst Joer hei am Land positiv op d’Vullegripp getest.

Am Fall, wou een doudeg Vulle gesäit, soll ee se net upaken, mee d’Veterinärsinspektioun kontaktéieren, déi dann decidéiert, ob d’Déier muss am Laboratoire getest ginn. Virun allem d’Waasservigel sinn a Gefor.

D’Vullegripp ass zu Lëtzebuerg ukomm. D’Veterinärsinspektioun huet bis en Donneschdeg 18 Fäll festgehalen, déi de Laboratoire bei wëlle Vulle konnt noweisen. En héijen Infektiounstaux géif et dëst Joer virun allem bei den Zuchvigel, déi, wa se erofginn, fir ze raschten, de Virus un aner Vigel weiderginn. Als Privatpersoun soll een d’Kadaveren net upaken, mee d’Veterinärsinspektioun oder de Fierschter kontaktéieren, déi se dann un den zoustännege Labo weidergëtt.

Méi Detailer gitt Dir an eisem Video-Reportage gewuer.

Back to Top
CIM LOGO