Centenaire vun der FLPSFederatioun vun de Sportfëscher feiert 100 Joer Engagement fir Fëscher a Gewässer

Monique Kater
"Fëschen ass déi eenzeg Philosophie, vun där ee sat gëtt!". Dat ass eent vu villen Zitater aus der Broschür, déi de Lëtzebuerger Sportfëscherverband fir säin 100. Gebuertsdag drécke gelooss huet.

Dësen Anniversaire huet d’Federation am Schlass zu Betebuerg gefeiert an an deem Kontext drun erënnert, dass et, ouni hiren Asaz, eise Flëss a Baachen nach méi schlecht géing goen, wéi et haut de Fall ass.

Stëppchen, Mecken, Spinner - et ginn zech Méiglechkeeten, fir ze fëschen, erkläert de Gusty Graas, President vum Organisatiounscomité an Éierepresident vun de Sportfëscher, der FLPS. Mir hätten hei esouguer eng ganz Rei Mieresfëscher an allgemeng géif et bal an all Famill ee ginn. dee fëscht.

Qualitéit vun eise Gewässer: et ass 1 Sekonn virun 12

Renaturéierung: Jo, mee eng, déi och de Fësch Liewensraum léist. Mee fir t'éischt sollt emol dofir gesuergt ginn, dass kee Knascht méi an d'Waasser dra leeft. D'Diddelenger Baach ass en exzellent Beispill, wou ee gesäit, dass och a schlechtem Waasser, Fësch sech ugepasst hunn an iwwerliewe kënnen. Gutt dass ee si haut net méi brauch, fir sat ze ginn...

"An de Baache kéint ee schonn nach fëschen", seet de Claude Strotz, 2. Vizepresident vun der FLPS; an deene klengen, sou wéi d'Diddelenger, wou ee geséich, dass d'Waasser gro ass a vill Klärwaasser dran ass, nieft ville Sedimenter. Do bräicht een natierlech net ze fëschen, well dat hei och net erlaabt wier wéinst der schlechter Waasserqualitéit. An deenen anere géif et nach sporadesch Forellen, mee just well se ausgesat géifen. Natierlech Reproduktioun géif et kaum nach ginn.

Et feelt u politeschem Wëllen!

Et wier 1 Sekonn virun 12, an ouni Federatioun wier et nach vill méi uerg seet den Éierepresident Gusty Graas, dee jorelaang schonn Deputéierten ass a genee weess, wéi d'Politik funktionéiert.

Dass ëmmer nach ongekläerten Ofwässer an eis Baachen a Flëss lafen, dierft et net ginn, grad ewéi Schwaachpunkten an eisen Industriezonen. Och an der Landwirtschaft géif et schwaarz Schof, sou de Gusty Graas, fir deen et kloer ass, dass een déi direkt Aleedungsquellen esou séier wéi méiglech stoppt; donieft bräichte mer méi performant Kläranlagen an natierlech d'Renaturéierung. Kuerz gesot: e ganzt Konzept! Et wier ze maachen a mir hätten och d'Geld, fir et ze maachen. Dem Politiker an Éierepresident vun der Federatioun vun de Sportfëscher no feelt et u politeschem Wëllen!

Opruff vun der Federatioun un d'Fëscher

Drock op d'Politik maache funktionéiert besser, wann een zu méi ass! Wéi eng ganz Rei aner Verbänn, huet awer och dee vun de Sportfëscher Membere verluer. Zu iwwer 5.000 ware si Enn de 40er. Haut zielt si der nach 1.500. D'Federatioun mécht en Opruff un déi dausende Leit, déi Fëschen als hir Passioun erliewen, sech z'engagéieren. An hirem Intressi an an deem, vun eise Baachen a Flëss.

Um Bord vun der 100-Joer-Feier en Thema: d'Kläranlag um Findel

Kritik äussert de Claude Strotz dann och um Fluchhafen: D’Kläeranlag um Findel wier nach ëmmer net fäerdeg, sou den 2. Vizepresident vun der Federatioun vun de Sportfëscher.

Kritik um Fluchhafen
D’Kläeranlag um Findel wier nach ëmmer net fäerdeg, sou de Claude Strotz vun der Federatioun vun de Sportfëscher.

D'Federatioun vun de Sportfëscher invitéiert dann de 4. Dezember an de Kulturzenter op Waasserbëlleg, op eng Konferenz vum Robert Arlinghaus, dem bekannten däitsche Fuerscher a Fëschereiwëssenschaftler.

Back to Top
CIM LOGO