Retour an Indonesien geplangtFënnef kleng Orang-Utanen ouni Mamm an Indien entdeckt

AFP
Fënnef nach kleng Orang-Utane sinn ouni Mamm an engem Bësch an Indien fonnt ginn. Se sollen zeréck an hir Heemecht.
Fünf mutmaßlich nach Indien geschmuggelte Orang-Utan-Jungtiere sollen nach offiziellen Angaben nach Indonesien zurückgebracht werden. Sie waren ohne ihre Mutter in einem Waldgebiet in Indien aufgefunden worden.
Déi kleng Orang-Utane goufe wuel geschmuggelt.
© Odisha Forest Department/AFP

D'Jongdéiere waren en Dënschdeg vu Ranger an engem Bësch am ostindesche Bundesstaat Odisha entdeckt ginn. Hiren Alter gëtt op ongeféier annerhalleft Joer geschat. En erwuessenen Orang-Utan war néirens ze fannen. Gewéinlech bleiwe Jongdéiere bis zum Alter vun ongeféier 7 Joer bei hirer Mamm a sinn op Mammemëllech ugewisen. Et geet een dovun aus, dass d'Déiere Schmuggler zum Affer gefall sinn.

Déi kleng Orang-Utane sollen nees zeréck an hir Heemecht Indonesien. De Fierschterei-Ministère zu Jakarta huet och scho Kontakt mat der Regierung zu Nei-Delhi opgeholl, heescht et vun engem Porte-parole. Donieft wieren Déiereschutzorganisatioune kontaktéiert ginn, déi sech ëm d'Betreie solle këmmeren. Déi kleng Afe wieren, wéi et op den éischte Bléck schéngt, an engem gudde gesondheetlechen Zoustand a koumen elo mol an engem Zoo ënnerdaach. Well et sech ëm e presuméierte Fall vu Schmuggel handelt, sinn och Ermëttlunge lancéiert ginn.

A fräier Natur kommen Orang-Utane just op der indoneesescher Insel Sumatra an op Borneo vir. Éischt Ënnersichungen deiten drop hin, dass déi Fënnef wuel op Sumatra gebuer goufen. DNA-Tester solle fir Kloerheet suergen.

Den internationale Naturschutzverband ICUN seet, dass Sumatra-Orang-Utane virum Ausstierwe stinn. Leschte Schätzunge vun 2016 no louch de Bestand bei gutt 13.500 Déieren. Dass d'Mënschen an hire Liewensraum agräifen a si och joen, suergt allerdéngs dofir, dass de Bestand erofgeet. Och den op Sumatra heemeschen Tapanuli-Orang-Utan steet virum Ausstierwen.

Back to Top
CIM LOGO