
An hirem Kompostkoup louch eng grouss Schlaang. D’Fra huet d’Police alarméiert an déi huet sech Verstäerkung erbäigeruff a Form vu geschoulte Mataarbechter aus engem Déierepark. Déi hu sech d’Schlaang méi genee ugekuckt a festgestallt, dass et sech ëm eng Boa Constrictor handelt. Awer keng ganz kleng, mä eng vun 2,50 Meter.
Wéi d’Reptil an de Gaart vun der Fra geroden ass, ass den Ament nach onkloer. D’Déier koum antëscht an en aartgerecht Iwwergangsdoheem. D’lokal Police sicht no Leit, déi Informatiounen hunn, vu wou d’Boa hierkënnt oder wëssen, wiem seng et ass. Eventuell mellt sech jo de Proprietär selwer.