
An der däitscher Stad Essen ass eng 38 Joer al Fra mat engem Käfeg voller Raten op der Gare gestoppt ginn. Wéi d’Police matdeelt, war de Käfeg iwwerfëllt an déi am Ganze 15 Rate louchen dowéinst deelweis openeen. Op Nofro vun de Beamte soll d’Fra behaapt hunn, mat den Déiere wéilten duerch ganz Europa ze reesen.
An der Nuecht op e Mëttwoch war si der Police opgefall, well si op ee Quai urinéiert hat. Doduerch war et dann zu der Kontroll komm, wou de Käfeg entdeckt gouf. D’Déiere goufe saiséiert an un een Déierenasyl iwwerginn. D’Fra muss sech elo wéinst engem Verstouss géint d’Déiereschutzgesetz a wéinst der Veronrengegung vun der Gare veräntwerten.