1995 fir d'lescht gesinnFuerscher entdecken an Thailand fir ausgestuerwe gehale wëll Kaz

AFP
D'sougenannte Flaachkappkaz gouf fir d'lescht 1995 am südostasiatesche Land gesinn an ass elo vun enger Kamerafal am Süde vun Thailand festgehale ginn.
Forscher haben in Thailand eine seit Jahrzehnten für ausgestorben gehaltene Wildkatze wiederentdeckt. Die Flachkopfkatze, die in dem südostasiatischen Land zuletzt 1995 gesichtet worden war, tappte in einem Schutzgebiet im Süden Thailands in Kamerafallen.
Forscher haben in Thailand eine seit Jahrzehnten für ausgestorben gehaltene Wildkatze wiederentdeckt. Die Flachkopfkatze, die in dem südostasiatischen Land zuletzt 1995 gesichtet worden war, tappte in einem Schutzgebiet im Süden Thailands in Kamerafallen.
© Panthera Thailand/AFP

Zanter 30 Joer huet ee gemengt, dass d’Déier ausgestuerwe wier. Elo gouf et am Süde vun Thailand nees gesinn. Am Prinzessin-Sirindhorn-Schutzgebitt ass d’Déier vun enger Kamerafal agefaange ginn, wéi d’thailännesch Naturschutzamt an d’Wëllkazeschutzorganisatioun Panthera e Freideg matgedeelt hunn. Am Ganzen hätt een zanter leschtem Joer déi schei Kaz noweisen.

D’Flaachkappkaz zielt zu de seelensten an am stäerkste menacéierte wëlle Kazen op der Welt, déi haaptsächlech a Südostasien verbreet ass. A Gefor ass si virun allem, well hire Liewensraum zerstéiert gëtt. D’Weltnaturschutzunioun (IUCN) huet d’Kaz op d’rout Lëscht gesat a schätzt d’Gesamtpopulatioun op just nach 2.5000 Exemplairen. An Thailand huet se zanter laangem als “méiglecherweis ausgestuerwe” gegëllt.

Dass d’Kaz nees opgetaucht wier, wier awer net just eng flott Nouvelle, mä och besuergneserreegend, sou den Expert fir wëll Kazen, de Kaset Sutasha vun der Kasetsart-Universitéit zu Bangkok. Hire Liewensraum ass den tropesche Reebësch. Si sinn nuetsaktiv an e bësse méi kleng wéi eis Hauskazen. Si sinn am léifsten a fiichte Gebidder wéi Sumpf- a Mangrovebëscher. Dës ginn ëmmer méi duerch Landwirtschaft verdrängt.

Back to Top
CIM LOGO