All Joer gesäit een Hënn tëscht de ville Visiteuren um Glacis lafen. Op de soziale Medie suergt dat reegelméisseg fir Diskussiounen. D’Schueberfouer bedeit virun allem vill Leit, Kaméidi an dauernd Gedrécks. Fir e Mupp kann dat séier zu enger grousser Belaaschtung ginn. Leit ouni Hausdéiere fannen dat eng schlecht Iddi.
“Ech perséinlech géif mäin Hond net mat op d'Fouer huelen. Ech mengen, fir d'Hënn ass dat net angenehm. Et ass relativ stresseg. Och mam Kaméidi”, sot en Visiteur. En anert betount och, “et ass näischt fir en Hond, et ass vill ze vill Kaméidi, vill ze vill Leit, déi sinn ängschtlech."
D’Besëtzer gesinn et awer méi entspaant a mengen, datt den Hond ouni Problemer mat op d’Fouer ka kommen an et géif gutt no him gekuckt ginn.
Aus veterinärer Siicht ass d’Situatioun awer méi kloer: Den Hond gehéiert net op d’Fouer. Den Déierendokter a Chirurg Dr. Tom Conzemius behaapt, datt sou ee Besuch, oft charakteriséiert vu Kaméidi, Gedrécks an Iwwer-Stimulatioun, den Hond schnell reize kann. Fir verschidden Hondsrasse kann d’Situatioun nach méi usprochsvoll sinn:
“D'Auswierkunge sinn déi ganz normal Stressreaktiounen. Dat heescht, extrem hechelen, vill ze vill séier ootmen, wann Dir dann eng Rass hutt, wéi zum Beispill eng franséisch Bulldog oder aner Bulldoggen, déi scho bei der normaler Situatioun op hirem Limitt ootmen an do guer keng Problemer hunn, mee wann déi an eng Stressreaktioun kommen, kann et virkommen, dass si einfach keng Loft méi kréien.”
Wann een de Mupp awer onbedéngt mat op d’Fouer huele wëll, ginn et e puer Saachen, op déi ee soll oppassen.
D’Muppebesëtzer solle ganz genee wëssen, dass dat fir hiren Hond kee Problem ass. "A wa se net sécher sinn, da géif ech en net mathuelen. Well et ass awer relativ séier en Duerchschnëttshond esou ze stressen, dass en einfach net frou ass. Et ass jo och näischt, wat dem Hond iergendeppes bréngt.”
Schlussendlech ginn et och genuch Alternativen, bei deenen den Hond vill méi op seng Käschte kënnt: e Spadséiergang am Bësch, e Besuch am Park oder einfach e puer Stonnen um Feld. Do huet de Mupp meeschtens méi Plaz, manner Kaméidi a vill méi Méiglechkeeten, sech fräi ze beweegen.