D’Organisateure vun der Versammlung mam Numm “Golden Wave”, also “gëlle Well”, haten an de soziale Medien d’Muppebesëtzer opgeruff, sech am “Bosques de Palermo"-Park an der argentinescher Haaptstad ze treffen. Séier gouf doraus e Massenevent.
Golden Retriever vun all Alter - vun opgereegte Welpen, déi am Bulli gespillt hunn, bis zu eelere Muppen, déi als Kleesercher oder Feeë verkleet ronderëm getrëppelt sinn - hunn de Park gefëllt, wärend hir Meeschtere mat hinne gekuschelt hunn.
“Mir sinn Zeie vun engem historeschen Evenement”, sot de Fausto Duperre, deen d’Versammlung an d’Liewe geruff hat, der Noriichtenagence Reuters géigeniwwer.
“En Treffe vun dëser Gréisst gouf et nach ni an ech mengen, datt et historesch wäert sinn, de Rekord vu Vancouver mat 1.685 Golden Retriever ze briechen”, sou den Duperre nach. “A wann ee sech ëmkuckt, hu mir et gepackt - zu 100%.” 10 Beamte sollen d’Evenement iwwerpréiwen an d’Hënn zielen. Déi endgülteg Zuele géinge publizéiert ginn, soubal se do sinn. Den Duperre ass optimistesch a mengt, datt bei der argentinescher “Golden Wave” esouguer méi wéi 2.000 Golden Retriever dobäi wieren.
“Fir mech, si si Kanner, ganz seriö. Ech mengen, e mënschlecht Kand ass wierklech wichteg, mä e Muppekand ass dat och, well si bei dir bleiwen a gudden a schlechte Momenter”, esou de Fausto Duperre zu senger Motivatioun, fir d’Evenement an d’Liewen ze ruffen.